Stickman - Forum - Alles

D'Grande-Duchesse ass doud.

D'Grande-Duchesse ass doud.

Hun ech grad gelies :

Am Alter vu 77 Joer ass d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte no laanger Krankheet de Moien um Schlass vu Fëschbéch um 5.55 Auer gestuerwen. D’Grande-Duchesse gouf den 11. Oktober 1927 zu Bréissel als Kand vum Prënz Leopold, dem spéidere belsche Kinnek Léopold dem Drëtten, an der Prënzessin Astrid vu Schwede gebuer. Si wor dat eelste Kand an d’Schwëster vun den zwee Kinneke Baudouin an Albert den Zweeten. Den 8. Abrëll 1953 gëtt déi Verstuerwen mam deemolegen Ierf-Groussherzog Jean an der Kathedral an der Stad bestued. Aus der belscher Prënzessin gëtt 11 Joer méi spéit eng Lëtzebuerger Grande-Duchesse. D’Grande-Duchesse an hire Mann Grand-Duc Jean kréie fënnef Kanner: den heitege Grand-Duc Henri, d’Prënzessinne Marie-Astrid a Margaritha an d’Prënze Guillaume a Jean. D’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte huet sech hiert Liewe laang op humanitärem a sozialem Niveau engagéiert, ënnert anerem als jorelaang Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz. Donieft wor déi Verstuerwen eng grouss Konscht-Kennerin. Den Haff huet an engem Communiqué eng Trauer vu 6 Wochen annoncéiert.

quelle: www.rtl.lu