Stickman - Forum - Alles

EU-Verfassung

EU-Verfassung

 Sou elo mol een seriöt Thema :

EU-Verfassung

Jo

oder sch...s egal

waat mengt dir



Re: EU-Verfassung

Also wanns de schon esou frees, dann häs de och direkt kennen eng Emfro starten. Mee ass net wichteg!

Zur Verfassung: schweier soen, well dat ganzt dach awer zimlech komplex wirkt (op mech emol)  an ech mer nach net virstellen kann wat dat herno konkret fier Auswirkungen huet. Sin an dem ganzen Politiks Dengen net esou fest dran, dass ech elo do konkret wees wat besser fier mech ass! Op der enger Seit vereinfacht et, verschidden Sachen Eu weit durch ze zeien. Mee op der aner Seit get d Land angeschrenkt , an ech wees net op dat esou gudd ass!

Schweier soen!!!




Re: EU-Verfassung

Bonjour aus mengem KELLER

Majo ech sinn zimlech der selwechter Mehnung. Ech sinn och net do esou Richteg dran an deem ganzen Politik gekaka's mee bon. Wann dann alt erem dei vun der Ilres unrufen an eng emfro maachen iwert Politik esou wei daat Geschter bei mir den Fall war. Dann kann ech hinnen hier Statistik och nemmen erof zeien.  mee bon wan dei mir do Nimm firliesen dei emol nach nie heieren HUN ????

Ok zu der Verfassung -> dei kleng Mehnung dei ech bis elo hun ass zwar eischter dogengt! Well ech et jo OK fannen wann z.B. an Portugal ze schnell mam Auto fiert dass een dann ee Pretekoll kritt. Mee esou wei ech daat emol bis elo vun der Verfassung matkrutt gellen dei selwecht Gesetzer jo dann baal iwerall vun baal alles! An daat wär jo dann esou wann een do zeschnell fiert dann misst een den Auto do stoen loosen oder wei ? Daat ass KAKA esou hun ech daat emol verstaanen! An dann mat den Penziounen wär et jo dann esou dass dei Ausläner dei am Moment hei schaffen dann speider hin D'penzioun an hierem Land ausbezuelt kreichen?  

Dann flüchten se jo alleguer ! Nach eier ...

Mee bon daat ass emol alles waat ech sou dofuner heieren hun. OP daat elo STEMMT keng Ahnung ... Mee dofir hun ech mer jo extra op der FOIRE dei ganz VERFASSUNG an Daitscher Ausgab matgeholl! Dan keint ech daat liesen?  Maachen wärt ech zwar NIE  Mee Gott sei dank war och een résumé dobai!  ouf soss mengen ech misst ech et och em die 7x liesen! Well eis Politiker sooten jo schon dass sie et hun missen 2-3x liesen!  majo dann bis .... 



Re: EU-Verfassung

Mir mussen elo jo AWER goen oder net ?  

Re: EU-Verfassung

Also sou wei ech dat elo matkrutt: jo

An ech fannen dat och gudd, einfach fier ze gesin, wat fier eng Meenung Letzebuerg huet!




Re: EU-Verfassung

Du mengs d' Portoguiesen ...  ups PARDON

Re: EU-Verfassung

Fier all dei dei hei een Beitrag vermessen (well en gelöscht gouf) kann ech nemmen soen, dass www.stickman.lu net dei richteg Platz ass fier rassistech Beiträg!




Re: EU-Verfassung

entschellecht war jo net ganz eescht gemengt ...

mee lo mol zur vorfassung ... ech gif mengen dass een mat jo solt stemmen, well schliesslech huet sech den junker an anner politiker jo grous fir dei saach agesaat. mengen dann kennen leit an letzebuerg der saach jo och vortrauen, well sie hun den junker jo och gewielt aus staatschef! ausserdem stin an der vorfassung secherlech mei positiv saachen wei negativer ...

Re: EU-Verfassung

hmm - ech wees net p der sach iwerhaapt trauen soll ... mee mir hun jo nach e bessi ! zeit fir eis ze informeieren !