Stickman - Forum - Alles

Gaaaanz aleng

Gaaaanz aleng

Haaaaaalllllloooooooooo , haaaaaaaaaaaaaaaaaaaaalllllllllllllllllllooooooooo

Esou sinn se dei jugend vun haut , se hun mech ganz aleng geloos an sin an dei weit Welt eraus gefur ( an geschippert ).....

Daat eenzecht waat ech an desen Forum heiren as mein Echoooooo

Haaaaaaaaaaaaallllllllllllllllllllooooooooooooooooooooo


Re: Gaaaanz aleng

Keng Angst! Ech sin jo nees do! Och wann et mer schweier fällt hei ze schreiwen ouni mein Leader

Hoffen et gouf keng Problemer mat der Sait während ech fort war`?


Re: Gaaaanz aleng

Dir Braucht jo net ze faerten DEN LEADER huet emmer een Aan op seng Untertanen. Och wann en ganz relax an der Sonn um Scheff duerch d'Karibik Schippert.

Den Leader meng weinechkeet bezuelt suguer 0.50 cent d'minut fir ierch ! Majo dann bleift mir jo elo just nach een Scheinen bonjour fir ierch ze Schecken. An aer Kaarten sinn ennerwee.

Bonjour -> Joanne an Lloyd -> Mich3l, Aline , Snoopy-Doopy an Famill , an all meng anner Untertanen.

sunny greetings

Re: Gaaaanz aleng

Jojojoj dei chance misst en hun wei eisen Leader

Eisereen muss virum écran setzten an programmeieren , oder een slogan fir 'T an go' sech ausdenken , gell Mechel


Re: Gaaaanz aleng

Jub eisen Leader huet et schon gudd! An ech war richteg ergraff, wou ech seng Noricht gelies hun!
Et get dach naischt besseres wei een Leader deen seng Untertanen net vergest!
An dann dei 0,50 $ pro Minuten, mengen dat dierft dach fier den Lloyd keen Problem sin, erenneren do just emol un dat "Gerät" wat den Herr sech bestallt huet, an no der Vakanz dann och endlech kritt!

An Snoopy-Doopy dat mat Tango ass schon eriwer, an ass an voller Pracht op www.rtl.lu ze bewonneren. Ech hun misten all d Grafech Elementer maan, vun den Animatiounen, bis zum Zeechenen vun den Comic Figuren! (Ding, Ding, ....BANG)


Re: Gaaaanz aleng

Gerät ???? WAAT FIR EEN GERAT ????

PSP ??????

OUNI MIR EPPES ZE SOEN ??????


fannen naischt ob rtl.lu ???

Re: Gaaaanz aleng

Nee eng Psp ass et net. (zum Gleck )
Wees och net op den Lloyd elo sou frou driwer ass, dass ech dat elo dir hei soen mee mengen esou vill Leid kommen jo elo och net hei hinner liesen.

ech soen just: eppes portables vun enger Firma mat engem Appel ( ) an ech mengen net een iPod


Re: Gaaaanz aleng

jo een power book g4 ass et! an den PSP kritt een hei op all eck ze kaafen ... an do gesait een jo dass en gudd mam ds konkureieren kann. well deen hun se och iwerall.

Majo dann schloft dir jo elo warscheinlech wann aeren Leader erem . All dei nei threads liesen geet! jojo
Dann kann ech elo awer mengen ech nemmei kucken kommen bis den samsden den Nowend. Mee kucken waat sech do maachen leist fir main folek! majo

An ech hun heieren dass et den weekend sollen em die 0 grad gin bei ierch. Also hei sinn et am moment 87 grad fahrenheit anm ech hun och elo keng loscht mei daat nach em ze rechnen. Majo gin elo op den 2 buffet. extra een um 12pm...

bis dann ... sunny greetings

Re: Gaaaanz aleng

Do geseit een alt erem dass d PSP net gudd geet! Hat Sony net gesot sie misten den Release fier Europa verreckelen, well se net genug Geräter hun fier d USA? An elo setzen se drob

An Lloyd ech wees leider net wei d Wieder hei nach get, mee ech hoffen dass et schein reent an et schein kaal ass wanns de erem zereck kenns
An wann ech dat richteg verstan hun get et do nach eng keier um Metternuecht en Buffet?! Keen Wonner dass all dei Amerikaner sou deck sin!

An Snoopy-Doopy ech wees leider net wiesou dass dat bei dier net geet mat RTL.lu? Vlait wars de schon ze oft drob oder se brauch ze lang fier ze lueden??? Wann se kennt, et ass dei mat der Rouder Boxhand an bloen Hannergrond.


Re: Gaaaanz aleng

Wann et een popup ass , dann as et normal well ech blokeieren dei...