Stickman - Forum - Alles

To you!

Re: To you!

INFO !!!!!


Alls info fir deen herr deen sech am Gestbook enert dem numm "deng mamm" angeschriwen huet! Eischtens geiff meng mamm keng esou fein saachen wei ech iwert info's klassen schreiwen !!! An dann keint deen wou ech souwisou wees ween et ass jo och emol seng e-mail do unginn ! dann keint een em jo emol nach e puer saachen schecken! an firwaat melt en sech net einfach am forum un MIR BEISSEN NET an et kascht och naischt. mee bon dann wellen mer emol fein mat eisen besiicher sinn an wann se de forum net fannen aus waat fier engen grenn och emmer ? dan mussen dei jeeneg eeben an d'gestbook schreiwen!



Majo Jerome dann mels de dech fein un an dann kanns du och saachen hei hinner schreiwen weieng's du wells! waat dech um bellg... nervt oder waat och soss emmer?! maach et mell dech un du misst jo wessen wei daat geet! daat leiert een dach op inf .... Allez suguer dei vun der artistique wessen wei et geet dann wärt dier op info et jo och ron brengen !

Majo dann gesinn mer eis jo deem nächst erem an dann schreiws de eis emol eppes scheines an eisen forum !

Re: To you!

Also ech hun den Forum elo mol fier eis nei Useren en bessen mei iwersichlech gemach!

Hoffen dass mer an Zukunft hei mei Beiträg vun iech wärten gesin!
An dat geet och ganz einfach!
Wann der just op en Beitrag wellt antwerten dann klickt lenks uwen op "Antwort erstellen"
Wellt der awer een neit Thema unfenken, klickt op "Neues Thema" Domader kennt dier er egen Diskusioun unfenken! Ass dach einfach oder?

An dier musst emol net ungemeld oder registreiert sin dofier!!!
Wann der ierg awer wellt gratis registreieren, dann klickt einfach riets uewen op "kostenlos anmelden". Puer Sachen ausfellen an schon profiteiert der vun den Fierdeeler!

Merci fier dei vill interessant (an och maner interessant) Sachen dei dier hei wärt schreiwen!


Re: To you!

Also well den ultimativen LTAM informatiker dach tatsechlech stickman an der Schoul gebannt huet, hun mir elo och eng 2 URL fier eis ze errechen!

www.ltam2.tk

Domader ass et elo och am LTAM erem meiglech op stickman.lu ze goen, all dei anner bleiwen natirlech bei stickman.lu


Re: To you!

Als klengen Cadeau well Gester esou vill Leid do waren hun ech een edelen, simplen, metalechen, roud/selwrechen Stickman.lu Wallpaper gemach, deen elo EXKLUSIV fier eis Besicher do ass!

(einfach op dat klengt Bild hei klicken, an dann an der neier Fenster riets klick op d Bild an dann "save picture ass /bild speichern unter")

www.ImageShack.us\"

-Important- readme-

Ech wollt just bescheed soen, dass Haut (Freiden, 18.03.2005) oder vlait zuguer nach Muer Stickman fier kurz Zeit falsch ungewisen get. Et wärt sech zwar am normal Fall nemmen em en puer Minuten handelen, mee et wees een jo nie.

Grond fier dat Gewurchtels ass en Update vun der Stickman index Sait vun V.3.5. op V3.5.2 !!! (Freed iech alt ob en puer schein änerungen )


Re: To you!

Ech muss iech leider matdeelen, dass Stickman.lu weinst Server Arbechten fier 2-3 Deeg net errechbar ass! Den Server get komplett iwerhol, an dat dauert nunmol en bessen!

Leider krutten mir och net bescheed gesot, dass se dat machen an doweinst kounten mer iech leider net fierwarnen!!!


Wallpapers

Hei dei kleng Iwerraschung dei ech iech Versprach hat! Mee an den nächsten Deeg kennt nach eppes no! New Stickman.lu "Fake" Wallpapers 1280x1024 1024x768 1280x1024 1024x768

Re: To you!

Daat ganzt Stickman.lu Team wenscht iersch natiirlech een scheint an Erfollegreicht Joer 2006 an dass dir eis emmer schein besiichen kommt  an eis weider trei bleift.