Stickman - Forum - Archiv

E3 - 2005 : News

E3 - 2005 : News

E3 - 2005 : News

Anplatz emmer nei Themen opzemaan, kommen all News vun der E3 hei eran! Hei ass alles gemescht (Xbox360, PS3, NIntendo Revolution,...), allerdengs machen ech eng fierselektioun vun den besten Themen!

Nintendo stellt den "Gameboy Micro" fier! Allerdengs handelt et sech net emm een komplett neien Handheld, mee just em een "Facelift" vum GBA! Et soll deen klengsten Gameboy sin deen et jemols gouf, an een LCD Display hun, deen besser ass wei deen vun der PSP! Screenshot ennert dem Artikel.

Dei 1en Gerüchter iwert den Preis vun der PS3 tauchen schon am Internet op, an emmer mei Saiten schwetzen vun engem Preis vun 465$!!! Domader wier d PS3 dei deiersten Konsol dei et jemols gouf! Wat allerdengs och ze verstoen wier wann een bedengt, dass d PS3 35 mol mei stark ass wei d PS2. Bis elo gouf awer nach naischt offiziel bestätegt!

Tony Hawk kennt fier den DS eraus. Un sech elo keng wahnsinns News, allerdengs muß een sech emol deen Video unkucken, an staunen wat fier eng Grafikpracht mam DS meiglech ass!!! Tony Hawk DS - Video

Anscheinend sollen all dei Biller dei bis elo vun der XBox 360 gewisen goufen bei weitem net potenzial weisen, dei, dei nei Konsol huet! Sou soll op der Presentatioun d XBox nemmen mat 1er vun sengen 3 CPU gelaaf sin! Falls dat den Fall ass dierften mer gespannt sin op nei Biller!

Nintendo huet nach en puer Informatiounen zu sengem Nintendo Revolutioun bekannt gin! Net nemmen dass d Konsol ultra kleng ass, an och DVD filmer sou wei Gamecube Spiller kann ofspillen, sou soll et herno och meiglech sin, online sech aal Nintendo Spiller (NES- N64) gratis op seng Konsol ze lueden an ze spillen! Ausserdem soll d Grafik "WOW" sin. An wat och typech Nintendo ass: Den Revolution kennt vum 1en Daag un an verschidden Farwen eraus! Screenshots ennert dem Artikel.