Stickman - Forum - Archiv

HL2 an HdR !

HL2 an HdR !

Also ech muss emol soen dass dei 2 Spiller 'Half Life 2' an 'Herr der Ringe. Schlacht um Mittelerde' einfach nemmen 2 mega geil Spiller sin! Hun seit dem Meinden wou ech den HL2 kaaf hun doheem baal naischt aneschters gemach wei spillen! Just heiansdo tele gekuckt oder deen neien Counterstrike (deen bei Hl2 dobei ass) gespillt! D Geschicht ass interessant, Grafik ass deck realistech mat mega coolen spezial effekter, an et keinnt een sech Stonnen lang aleng mat der Physik Engine amüseieren! Dat eenzecht wat nervt sin dei lang lued Zeiten! An Gester krutt ech dun mein Schlacht um Mittelerde gescheckt! Hat en bei Amazon.de bestallt well een en jo sos hei just op franseich kritt! Dat spill mecht mega süchteg, awer fier Leid dei Herr der Ringe net esou gaer hun en bessen blöd, well et muss een d Filmer/Bicher schon kennen fier dass een nokennt bei der Geschicht! Mee fier den Recht mengt een wirklech et waer een am Film! Alles original Stemmen an Musek, an heiansdo en riesen gemetzels! An och flott Missionen, am Moment muss ech iwer en puer Missiounen ewech Rohan befreien, wou ech och emol vun Ents (dei grouss Bäm) geholef kreien. An dei hun esou eng cool Stemm dass den ganzen Raum Vibreiert wanns se schwetzen (gudden bass virausgesat) Majo wat halt dier vun deenen 2 Spiller, an wann der se nach net hutt, dann gidd se gefälleg kaafen!!!!!

HL2 + HDR = amazing!

Half Life 2 meets HDR

Een Entweckler Team huet et elo ferdeg bruecht HDR Rendering (bekannt aus 3Dmax asw.) an d Grafikengine vun Half Life 2 anzebauen! An et ass WAHNSINN, wat dobei eraus kennt! Bei den Biller hei ennendrenner gesidd der alt en bessen wat ze erwarten ass an noer Zukunft. Allerdengs muss een dobei soen, dass d hannergrenn hei richteg Photoen sin , an d Figuren nach net animeiert sin, mee dofier leeft dat ganzt schon an Echtzeit (allerdengs nach zimlech lues)

Anscheinend sollen nach Enn des Joers dei 1en PCen ze kreien sin, dei esou eng Grafik keinnten an engem Spill unwenden! Mengen dogeint geseit zuguer Sony mat hierer PS3 aal aus!