Stickman - Forum - Films

Film Tipp

Film Tipp

INFO

Hei kent dir kuken weieen Film dier an deser Woch kuken keint goen. Et ass awer och emmer een Trailer tipp dobai weieen deen beschten Trailer am moment ass!

Dofir lount et sech kuken ze kommen.

Re: Film tipp of the week

Also do muss ech dem Herr Winandy emol recht gin! Spezial Effekter sin perfekt (freiheetsstatue) an och d'Thema klengt interessant!

Re: Film tipp of the week

Kritik : Along came Polly

Vum: John Hamburg / Dauer: 1h38min / Genre: LiebesKomödie

Den Film (een Witzfilm?) daat et soll sin mee an mengen Aan weineg richteg witzeg scenen dran sinn. Mee bon un sech geet et em den Reuben Feffer (ben stiller) deen un sech een perfekt liewen feiert, eng gudd arbescht an alles bis an den leschten detail geplankt huet.Hien get mat der perfekter Fraa bestuedt, waat hien mengt.
Polly Prince (jennifer aniston) un sech genau den geigen deel. Hat welt oft Saachen eneren an ass ganz Spontaan an op vier alles. Den Reuben leiert hat enges owes op engem vernissage kennen wou hat zerwiert. sie treffen sech mei oft an vir den recht kent dir en jo kuken goen ...

Also ech geif em 2 vun 5 stären gin.


http://www.alongcamepolly.com/index.php

Re: Film tipp of the week

Ech wost jo nach guer net, dass eisen herr Winandy esou gudd Kritiken schreiwen keint :-)!!!

Do kridd een jo eng Trein an d'An (?)

Re: Film tipp of the week

Dir sidd ziemlech hannendran, "TROY, Van Helsing, Punisher, Soul Plane, Eurotrip" dat sin dei nei Filmer dei dir sollt virstellen. Dir mist mei oft Trailers op den Net kucken!!! Amateuren!!! Geft et zou Niveau Trailers sin ech weit virun iech?! H

Re: Film tipp of the week

Novak mir (haptsechlech den lloyd, den fier des categorie zoustenneg ass) hun eben nach een liewen ausserhalb von www.apple.com/trailers !!!!


An et ass den tipp of the week, also kann een net 3 berichter pro dach brengen!

Re: Film tipp of the week

Pardon ech hat vergiesst dass der sou bescheftecht Leit wart. Hält endlëch op www.3Dmaxx ze besichen, fir den Michel. An Mar mat denger Frëndin schluss, fir de Lloyd. Dat hut der mei Zeit fir Säit:

Re: Film tipp of the week

Ok Novak, machen ech!

Re: Film tipp of the week

Filmpreview

TROY

Den Film spillt am aalen Griechenland an handelt sech em dei 2 greissten Liebhaber an der Geschicht! Enger saits den Paris (Orlando Bloom) deen den Prince of Troy ass an d'Helen (Diane Kruger) daat Queen of Sparta ass. Den Paris klaut oder besser entfeiert d'Helen vun sengem man dem King Menelaus (Brendon Gleeson) den mächtegen King of the Myceneans. Den King Menelaus versicht natirlech seng fra erem ze erkämpfen an enger erbatterter Schlacht!

D'Festung vun TROY ass anscheinend on besieg bar. Mee een man steet fir d'eroberung oder d'neierlaach iwer TROY den Achilles (Brad Pitt) deen am glawen ass deen greisten Kämpfer aller zaiten ze sinn.

Arrogant, een Rebell an keen respekt virun irgend eppes an irgend engem huet an als ziel huet seng egen Eyer (die Ehre) ze verteidegen. Hien geet enert dem numm vum Agamemnon (Brian Cox) dem Bruder vum King Menelaus deen sengem Bruder an iwerhaabt hier Familien eier Retten an verteidegen wellt.

Gidd den Trailer kuken enert

http://www.apple.com/trailers/wb/troy/trailer/

Enjoi it

Re: Film tipp of the week

Arrr zum Film tipp

Hei nach fir den Speedy Gonsales dat daat heiten een forum vir normal leit ass an net leit dei 90% vun hierem liewen op apple trailers hencken dei meschten leit kennen esou Filmer wei TROY just aus den Vierspiller vun den Kinoen an do hun ech en bis elo mol nach net gesin. Dofir, an daat ass jo just eng INFO wann een mei wessen welt kann een jo op www.apple.com/trailers/ goen.

Tip top ech waert awer weider hin nemmen een pro woch schreiwen well hun och nach aner saachen ze din. Ausser et ass eng mega grouss no fro...

ciao an ech hoffen daat waat ech bis elo geschriwen hun gefällt awer!!!!