Stickman - Forum - Friends

Inner circle feat. Dart circle

Re: Inner circle feat. Dart circle

salut männer. ech sin midd, do huet den mich recht. mee ech mengen ech sin awer fit den owend, et ass jo schliesslech e bessen grond do fir ze feieren




Re: Inner circle feat. Dart circle

Hoi,

Wei geseit et aus fir den Owend? Also ech gin mol gaer eng Ronn Feiler schmeissen.

Mee awer e bessi mei speit wei gewinnt, um 20.00 Auer ass Comités Setzung an eisen Camille well datt ech dohin kommen. Mee kommen dann dono direkt no, wann iwwerhaapt een do ass??

Mich? Laurent? Luc? Lloyd? An seit neistem: Felix?

Re: Inner circle feat. Dart circle

Ech sin dobei. Auerzeit ass egal. 

Re: Inner circle feat. Dart circle

Ech fannen den Wee schon, hun zait, loscht, daat misst klappen, bis dann mumus.

Din och mol eng lang bochs un, vlait fennt een den wee jo nach den elite, do as jo mega party.

oder mir gin d'Kaiser chiefs nach eemol kucken, an d'rockhaal.

cu. 




Re: Inner circle feat. Dart circle

Majo ech gin den Nowend net mat, spillen mee kommen herno eng keier laanscht kucken! MHHHHH Pizza iessen  bis dann ... dir schlappen

Re: Inner circle feat. Dart circle

do zitt wuel een den Schwanz an, nemme well en net well verleieren . An dann sou eng mies Ausried! Fier ze beweisen dass de wirklech Pizza iesen gees, kanns de ons jo dann een Steck matbrengen! Du wees jo wat ech am leiwsten drop hun  

Den B kennt jo mei speit, sollen den Rest sech awer wei emmer geint 8-halwer 9 treffen ?

Re: Inner circle feat. Dart circle

Salut Männer.

Wei ass et fir den Owend? Hun richteg Loscht op Darts.

Brauch muer net op Breissel, dofir kann et den Owend e bessen mei laang goen, an muer ass mir mech main leschten Schaffdaag, well ech eng Woch Conge hun.

Ween ass dobai???




Re: Inner circle feat. Dart circle

Ech sin den Owend mat dobei. Hun jo des Woch schon en bessen traineiert an hoffen, dass ech den Owend en bessen eppes rappen kann. Wärt esou wei emmer geint halwer 9 do sin.

Re: Inner circle feat. Dart circle

Ech sin dobei!

Bis henno dann dir Erdinger

Re: Inner circle feat. Dart circle

Mettisch dir Mueden,

Fir dann hei och mol rem eng Keier eppes ze schreiwen dei übleg Frage zum Donnerstag:

Ween ass den Owend bei enger Partie Erdinger an engem gudden freschen Darts dobei?

Hoffen et gett rem en spannenden Duell vum Fight Club gegen den Rest der Welt...