Stickman - Forum - Games

Anno 1701 Screenshot Contest

Anno 1701 Screenshot Contest

Salut Community,

Wei der jo schon wesst ass am Moment all Mensch am Anno 1701 Wahn. Ass jo och normal, well Anno huet d'potential fir d'Spill vum Joer ze gin.

Op deem Site http://www.anno1701-online.de kann een nach bis zum 19.11.2006 bei engem Screenshot Contest mattmaan.

Et goufen bis elo 7 Screenshots erangescheckt wou verschiddener net iwwel ausgesin.

Fannen daat eng gudd Idee vun deem Site, deen iwregens tip top gemeet ass.

Keint een sou een Contest net och bei Stickman afeieren? Et wiren beschtemmt e puer Leit dei geiffen mattmaan.
Hun mech mol do ugemellt, wärt main Bildchen nach raschecken, wann ech mengen datt et gudd genuch ausgeseit

Dem Gewenner wenkt d'Original Komplettleisungsbuch vun Anno 1701..

Nuje, umellen kann een sech jo mol, kascht jo naischt.

Bis dajee,
Bob


Re: Anno 1701 Screenshot Contest

Also muss dem B do recht gin, dass Anno 1701 am moment zimlech gefrot ass. Keen Wonner, ass jo och een mega gudd Spill. An dat mat den Screenshots fannen ech eng gudd Idee, do leist sech bestemmt eppes machen. Setzen och emol en puer gudd Biller an den Forum soubaal ech nees zu Köln sin.

An wei gesot, wann genug Leid Anno hun, an sech en bessen angespillt hun, machen mer dann emol en puer online Matcher! Jidereen deen dat hei liest ass herzlech angelueden.