Stickman - Forum - Games

Nintendo DS

Re: Nintendo DS

Daat hei ass esougur besser als eng DS

http://www.gizmondo.com/




Re: Nintendo DS

Hun zwar och schon dovunner heieren, mee mech net dofier interesseiert! Mee wei et ausgeseit kucks de no alternativen zur PSP?


Re: Nintendo DS

Fier dei wou et nach net matkrutten. Den Nintendo DS ass mei beleg gin! Anzwar kritt een deen besten Handheld deen et am Moment ze kaafen gett schon fier nemmen 120 €!!! Ausserdem sin dei 2 Spiller Nintendogs an Advance Wars DS eraus. Woubei dat excellent Strategie Spill Advance Wars DS am Auchan schon erem ausverkaaf ass.

Fier dei wou Advance Wars DS nach net kennen, an en puer Deeg schreiwen ech emol een Test vun dem Sucht-Spill.




Nintendo DS Erfoleg

Seit dat Spill Nintendogs den 07. Oktober an Europa eraus komm ass, gouf d Spill schon 160.000 mol verkaaf. An dobei bezitt sech dei Zuel just op den Weekend vum 07. Oktober.

Wei net anechters ze erwarden schleit Spill voll an! Schon an den USA an Japan war d Spill extrem erfolgreich. Ausserdem sin och mei DSen verkaafe gin. Druch d Preissenkung vun 149,99 € op 129,99 € (auchan zuguer nach manner) sin d Verkaafszuelen an Europa zwechen 400% bis zu 700% geklomm!!!




NDS + Wi-Fi + McD

Ab dem 25 November start och an Europa d Nintendo Wi-Fi Connection, fier kennen mat sengem DS online geint aner Spiller ze spillen (start mecht den Mario Kart DS). Dat eenzegt wat een dofier brauch ass een Nintendo DS, een Spill mat Online Modus, an een Wi-Fi Router fier kennen an den Internet ze kommen. Mee Nintendo huet och un dei Leit geduecht dei keen W-Lan doheem hun. Zeitgleich brengt Nintendo nämlech den "Nintendo Wi-Fi USB Connector" fier +/- 26€ eraus. Einfach an den PC stiechen an lass.

Mee dat geet Nintendo nach net duer. Unfanks zwar just an Amerika, soll et an all McDonalds meiglech sin op den Nintendo online Service zouzegreifen. Speider soll dat ganzt dann och an Europ angefouert gin. An dat besten: Dat ganzt ass komplett Gratis! Nintendo verlangt keen Cent fier dat ganzt.

Nintendo DS 2 ?

Wat steiert d PSP Fans um DS? D Grafik an den Design werten dei mechten soen. Dat krutt Nintendo och matt, an doweinst gin et elo Gerüchter dass  Nintendo ähnlech wei beim Gameboy Advance een Facelift fier den DS plankt!

Irgendwelch Details sin nach net bekannt, well et sech am Moment nach em een ganz grousst Gerücht handelt, mee ech werd iech um laafendem haalen!




Keen mei do

Wien vun iech huet Nintendogs fier den Nintendo DS? Dei Persoun kann sech nämlech zu deenen glecklechen Persounen zielen, dei virun Kreschtdaag hier Versioun kaaft hun. Mettlerweil ass DEEN Nintendo DS Hit iwerall ausverkaaf. Also jidenfalls an den groussen Boutiquer zu Köln (Saturn, MediaMarkt), sou wei Amazon (4-6 Wochen Liwerzeit). Dei eenzeg Platz wou een d Spill nach kritt ass bei ebay, allerdengs baal duebel sou deier wei normal(60-70 euro).

Fier all dei wou elo enttäucht sin: kaaft iech den Mario Kart DS !!! Dat Spill ass dat besten wat et fier den DS get, an mat deen besten Mario Kart deen et jemols gouf!!!!!




Re: Nintendo DS

haha ech krut spill trotzdem nach

an zwar am electro viaduc ... an fir den normalen preis !!!




Nintendo DS lite

Et ass offiziell: Den Nintendo DS lite kennt!

No den Gerüchter (dei och hei op stickman.lu ze liesen waren) ass et elo offiziel, Nintendo huet eng iwerschaften Fassung vum NDS ungekenecht. Den Nintendo DS lite soll schon den 2. März an Japan eraus kommen fier een Preis vun +/- 145$.

Den NDS lite ass eng kleng an mei liicht Variant vum normalen Modell. En weit nemmen 218 Gramm wat zum normalen DS 57 Gramm mei liicht ass. D Mossen sin

Och den Display ass iwerschafft gin an en leisst sech elo an 4 Hellegkeetsstufen anstellen.

Ausserdem gouf den Design vum DS liicht veränert woudurch en bessen mei edel ausgeseit. Mee kuckt ich d Bild einfach un an macht iech selwer een Urteel.

(B) 133 mm x (L) 73,9 mm x (H) 21,5 mm (aalen Modell: 148,7 mm x 84,7 mm x 28,9 mm).