Stickman - Forum - Games

eSports

eSports

eSports

Machen emol een Thema iwert eSports ob! Kennen mech metlerweil zimlech domader aus, an wann een froen huet, kann en mer se roueg hei stellen!

Fier den Recht informeieren ech iech dann eben heiansdo wat national an international am eSports leeft!

ESWC 2005

ESWC 05

Grand Final

6-10 July Paris France

Ab dem Mettwoch ass et erem esou weit, dann get an Frankreich zu Pareis am Louvre den "Electronic Sports World Cup" ausgedroen. D' "ESWC" sin praktech d Olympech Spiller vum esports, an praktech all Natioun ass vertueden. Leider huet et des Joer awer keen aus Letzebuerg gepackt sech ze qualifizeieren. Trotzdem ass dat ganzt een riesegen Event, an wert iech bestemmt nach mat en puer Biller, News asw., versuegen.

Gespillt get:

Counter-StrikeWarcraft III - TFTPro Evolution Soccer 4Counter-Strike WomenQuake III ArenaUT2K4Gran Turismo 4

D Spiller live online kucken kennt der och:

   

ggl.com                      vbcast.com

Offiziel Seit vum "ESWC"




ESL meets Pro7

Kennt e-Sports elo och ob Pro7? Net ganz, allerdengs started D ESL (electronic sports league) mat Helef vun Pro 7 een neien Versuch fier e-Sports mei bekannt ze machen. "Prosieben.de Summer Challenge" ass een FIFA 2005 Turneier an et ass net dei 1en keier, dass Pro7 sou eppes organisiert. Allerdengs leeft dat ganzt just online of, also keng Berichter am TV. Mee vlait erkennt Pro7 jo d Potenzial, an brengt an Zukunft en bessen mei iwert den elektronechen Sport. Well den greisten Nodeel ass nach emmer, dass vill Leid sech net domader auskennen (Spiller, Modusen, Spiller, Teams,...) an sech doweinst net dofier interesseieren.

Link: prosieben.de summer challenge




eSports

Dei Leid dei sech mat eSports befasen hun et bestemmt schon heieren:

Den Profi Counterstrike-clan "pro-Gaming" gouf beschelecht an engem Tourneier gecheatet ze hun. Haptsechlech den Spiller pG l eddy ass negativ opgefall.

Elo gouf den Clan offiziel aus den Ligen ESL, GSL an Giga Allstars Cup geworf an fier 1 Joer gepsperrt. Dat gouf desideiert nodem d Admins vun der ESL an vun counterstrike.de no langem kontrolleieren vun Replays der Meenung sin dass een sougenannten "Wallhack" angesat gouf. Dat ganzt huet zimlech Konsequenzen, imerhin stin hannert den Ligaen an Clans grouss Sponsoren, an cheaten get esou schlecht ungesin wei Doping, wouduerch den Clan elo mat Stroffen vun puer 1000 $ rechnen muss. Dat ganzt ass an der eSports Szene een zimlech groussen Skandal well et fiert 1en keier ass, dass cheaten bei engem vun den besten Clans endeckt gouf.