Stickman - Forum - Games

-> Games Tipp <-

Re: Game tipp of the Week

Gametrak

Dat heiten ass keen Spill me och zimlech interessant! Et ass eng nei Meiglechkeet Spiller ze spillen! tastaur, Gamepad an Maus sin onneidech bei desem coolen Gerät wat dest Joer nach fir d PS2 soll eraus kommen!

Der "Gametrak" besteht aus zwei Hauptkomponenten, den Handschuhen und der Fußmatte. Anders als z.B. bei "Sonys EyeToy" wird also nicht über eine Kamera erfasst, was der Spieler mit sich und seinem Körper anfängt, sondern das Input über Sensoren in den Handschuhen und in der Matte ermittelt.
quelle:giga.de

An dat ganz soll mega prezis sin! Am fernseh huet et wirklech esou ausgesin wei wann een richteg geif kämpfen (also bewgungen sin richteg emgesat gin)

An hei fand der den ganzen artikel dozou!

http://www.giga.de/index.php?storyid=103005

Re: Game tipp of the Week

DOOM³

Also ech geif soen dass baal jiderengem dat spill DOOM bekannt waerd sin, immerhin ass een vun deenen bekanntesten Spiller iwerhapt! An doweisnt goufen och vill vum Nofolger erward, deen elo seit Kurzem ze kreien ass! D Spill ass wirklech een perfekten Nofolger, d grafik ass einfach nemmen WAHNSINN, an dat besten wat et am Moment get (een gudden PC virausgesat)! Bei mir leeft et mat "High Quality" an 1024x768 gudd flesseg (AMD 2,8 GHZ, Radeon 9600 Pro, 512 DDR) Allerdings kann d Grafik net deen schlechten Muliplayer vertuchen! 5 Maps, maximal 4 Spiller an keng nei Idee (ausser vielleicht den Luchtenschalter deen d Sach mei spannend soll machen). Vum Prinzip ganz wei Quake 3!
Mee den Singleplayer huet et an Sech! Virausgesat et ass ganz daischter am Raum, an den Sound ass voll obgedreint, well sos kommen vielleicht knapp 50% vun der Stemmung eriwer!!! An deenen +/- 25 Stonnen dei een dann spillt kritt en zwar net extrem vill Ofwierslung gebueden mee dofir eng mega Horrorstemmung! An ech kennen wirklech KEEN deen net eng keier erschreckt ass! Stemmung ass extrem ungespannt an all klengt Greich mecht een schon baal verreckt! An dei exellent Grafik leist d Monsteren och schein gruseleg ausgesin! Zum Gleck huet een jo seng Waffen dobei mat deenen een sech wieren kann, allerdings geseit een an engem daischterem Raum baal guer naischt ouni seng Täschenlutt, an doweinst muss een emer iwerleen, ob een leiwer gaeren geseit wat leeft, oder ob een mat der Waff durchleeft an des öftereen Iwerrascht gett!!!

Fazit: Enn exellenten Singleplayer, gudd Hardware virausgesat! Beim Multiplayer kann een just op eng stark Community hoffen, dei Mods an Maps eraus brengt!

www.doom3.com

Currently no Demo available

Re: Game tipp of the Week

OK dat heiten ass zwar keen Games Tipp, awer trotzdem interessant fier dei wou gaeren PC oder Konsol spillen!

Veilleicht hut schon matkrutt dass den 7en Oktober zu San Fransisco, d WORLD CYBER GAMES unfenken! Dat sin souzesoen d olympech Spiller vum e-Sports! Dei besten vun der Welt werten do sin an sech an Spiller, Counterstrike, Warcraft3, oder NFS Underground bekämpfen! An dat ganz huet eng zimlech gudd Hp mat allen informatiounen an zu guer een egen Sender deen een iwret hier HP kann kucken an deen all dei wichteg Matcher weist!
Also kuckt iech dat un et ass schon impressionant!

www.worldcybergames.com

An et ass zuguer 1 letzeboier dobei (Warcraft3)

deen fandt der hei:

http://www.worldcybergames.com/wcg2004/wc_nationalpre_wcg2004info.asp?i_keyno=T040413100&i_companyid=C040412100&i_companyname=DuCyCo%20`The%20Gaming%20Company`&i_country=N4W03&i_countryname=Luxembourg

an hei weini dass en spillt (falls dat op hierem Channel ierdroen get)

http://www.worldcybergames.com/tournament/tr_2004_bracket.asp?mode=full_d&i_s_itemno=241&i_matchgrpno=366&i_matchgrpnm=A

Re: Game tipp of the Week

Ech wollt nach soen dass den Letzeboier aus dem Turneier eraus ass well en an der 1er Qualifikations-Ronn 5 vun 5 matcher verluer huert

Tja et kann een net emmer gewannen!

Nintendo Gamecube

SSX 3 test

Nodems mein 1en Test net gudd fir ssx3 ausgefall ass, hun ech mer d Spill awer nach eng keier mei genau
ungekuckt! an spill huet mech positiv iwerracht! um unfank mengt en d spill wär net vill anechters wei den ssx tricky! allerdengs kann den neien deel mat vill mei neien sachen optrumpfen wei just eng nei ,besser grafik an nei excellenten animatiounen. bekannt sachen aus den tony hawk spiller wei combo tricks (multiplier) an dei egen gestaltung vun den boarder (vun frisuren iwer kleder zu accesoires an neien boards) sin am spill erem zefannen.
D Strecken wierken zwar op den 1en Bleck mei realistech, allerdings mierkt een schnell dass dat guer net den Fall ass an verschiddenner mei extreme sei wei beim Fiergänger! Op deenen 3 Bierger dei een noeneen freischalt sin uerdentlech vill Strecken erem zefannen, ennert annerem Rennstrecken, Freestyle, Slope, Freeride, Big Air an Halfpipe!!! Am Freeride kann zuguer vun der Spetz vum 3en Bierg iwert all Streck un engem Steck bis ennen an
Dall fueren. Eng knapp Stonn zeit virausgesat! An do techent kann och ganz einfach emol an eng Start-Statioun
eranfueren an einfach emol sou en Rennen fueren, well op menuer keinnt een am Spill komplett verzichten.
Entweder fiert een einfach dohin (per Snowboard oder Gondel) oder et rift een mam Handy een Helikopter. D Spill huet zwar nach mei Features mee alles kann ech net opzielen!!!

Ausserdem sin tonnne nei Tricker dobei komm (SSX tricky-specials: +/- 6, SSX3 specials: +/- 25)

Fazit: Fier all dei wou den SSX Tricky naischt neies mei brengt ass den SSX3 mei wei perfekt! Fier all dei aner ass

et opmanst en Bleck wert!

SSX 3 HP

Re: Game tipp of the Week

Need for Speed Underground 2
Firstlook

Also dat heiten ass just deen 1en Androck, deen ech vum Spill hun, well ech bis elo dat ferdeg Spill nach net kount testen! Dat heescht et muss net alles esou bleiwen!
Majo wat get et neies?! Dass Sound, Grafik an souweider verbessert goufen dierft kloer sin, mee d Spill huet och enpuer nei Features ze bidden! Sou zum Beispill den Outrun Modus! Hei kennt dir am Stil vun GTA durch d Stadt fueren an dobei Dueller geint an Fuerer machen, bei Kursen matfueren, an en Tunning Shop fueren, ...!!! Et mecht zimlech Spass dat ganz allerdengs fiert een mei durch d Stadt kucken, wei dass een elo wirklech Rennen fiert, wouduerch d Spill warscheinlech zimlech an d Lenkt gezun werd gin! Den Schwieregkeetsgrad ass am Moment nach en bessen ze heich, well den Computer ze fehlerfrei fiert, allerdengs soll dat bis zum Release nach verbessert gin! Mat deenen gewonnenen Suen kann een sech dann erem am Tunningshop nei Deeler kaafen, dei beim 2en Deel vill mei "freaky" Ausgefall sin, an mei an d Richtung vun "Pimp my Ride" gin! Och dei nei Autoen sin deelweis mei speziel ausgefall, sou kritt een nierft den typechen Autoen elo och eng Jeep oder en allen Ford Mustang! Eppes wat am 1en Deel zimlech gefehlt huert war eng Wiederhuelungs Funktioun! Dei ass elo dobei an dobei och richteg gudd gelong! Sou kennt der nom Rennen alles nach eng keier unkucken, an zwar mat spektakulären Kamerafahrten am Stil vum NfS:U Intro !!!! Mega geil soen ech dozou nemmen!!!

Fazit: Undergound 2 bitt vill nei (delweis freaky) Features wei den 1en Deel, op een et dodurch besser fendt, ass eng egen Sach, an dei besten Method fier dat eraus zefannen ass einfach dei nei Demo ze spillen!


NfS:U2 Demo

Re: Game tipp of the Week

Gaming Xperience

Sou Messen wei E3 oder Games Convetion (GC) sin wuel bestemmt dei bekanntesten Spielemessen dei et op der Welt gin! Leider gin et der an Europa zimlech weineg dovuner! . Mee et wert sech besseren! Den 20 an den 21 November ass zu Letzebuerg (Luxexpo, Foire) dei 1en Spielemess hei an der Geigend!!! Et wert natierlech net un E3 oder sou run kommen, mee ech fannen d Idee elmol net schlecht! Den ticket kacht zwar 10€ mee ech mengen doweinst wert keent hei verarmen Zumols well een flott Sachen gebueden kritt!

Fier mei Infoen kuckt iech den Site un!:

http://www.gamingxp.lu/

Re: Game tipp of the Week

Enemy Territory

Enemy Territory ass zwar schon en bessen mei een aalt Spill, mee imerhin erem ennert deenen 10 meschten online gespillten Spiller! Spill ass esou populär gin well dat einfacht Spillprinzip zouguer Unfänger interesseiert, an et trotzdem een mega profesionnelt Spill kann gin mat komplizeierten Taktiken an Teamplay! Dass d Spill mat senger Quake 3 Engine och op mei aalen PCen leeft an een och keen DSL brauch fier et ze spillen ass vun fierdeel. Genau sou wei den Preis! D Spill ass nämlech ganz legal an fier 0€ aus dem Internet downloadbar! An dobei ass et een vollwertecht Spill !!!

Mee em wat geet et eigentlech? Et ass een rengt Online (oder LAN) Spill, an et get zu 95% nemmen Missiounen gespillt. Dat 1 Team muss Zieler errechen, an dTeam 2 muss dat verhenern! Typech Zieler sin eppes zersteieren, en Punkt errechen, oder en Panzer exkorteieren! Et kann een wielen zwechen AXIES an ALLIES. Dei sin nach eng keier angedeelt an 5 Klassen wei Medic, Fieldops, Engineer, CovertOps,....! An durch gudd Spillen kann een wei an engem Rollenspill sein Skill verbesseren (mei health, faster reload,...), oder sech Medailen verdengen! Insgesammt zimlech motiveierend, an et mecht zuguer nach no stonnen spass! Zumols well et net nemmen op engem Spiller seng Treffgenauegkeet mat der Waff unkennt!

Fazit: Een Spill fier jidereen (Unfänger-Profi) an dodurch dass et gratis ass, kaan een souwiesou net driwer meckern! Am Moment mein lieblings Online Spill!

An fier all dei, wou elo mei drun interesseiert sin un deem Spill, dann gidd emol op www.pk3.6x.to ! dat ass een letzeboier CLAN, an mir sichen emmer Members dei matspillen, an mir brengen Unfänger och gaeren d Spill bei! Op der HP fandt der iwregens och den Download vum Spill inklusiv Patch.

Also matspillen!!!!!!!!!

Server, Downloads an anner Spiller fandt der ennert www.pk3.6x.to

Re: Game tipp of the Week

Enemy Territory Lux_map

Ech hat schon dovuner geschwat an hei sin elo d Biller vun enger mega map dei an Arbescht ass, an wou d Stadt letzebuerg nogebaut get!

ennert dem Link fandt der all Informatiounen!:

Biller vun der map

kuckt et un, imerhin ass planetwolfenstein schon obmierksam gin op dei map, an dat well eppes heeschen! (eng vun deenen weltweit besten Saiten iwer ET)

Re: Games Tipp

All dei, dei dat heiten nie liesen kommen sin selwer schold!!! Well ech schreiwen just hei hin, dass Rockstargames (GTA San Andreas) allen Spiller en Kreschdaags Kadeau mecht!

Anzwar kann een ganz legal an fier genau 0€ sech den GTA 2 downloaden! Et muss een sech just registreieren, an lass geet et!

Och wann d Spill schon en bessen aal ass, mecht et awer nach emmer bessen Spass, zumols well et schon Multiplayer huet


Hei den Link zum download:

http://rockstargames.com/classics/