Stickman - Forum - Games

Nintendo

Nintendo

Also Lloyd mier hatten jo ganz kurz driwer geschwaat, um Wee fier op den Bus, an elo hun ech dat heiten emol gekuckt!

LAN-Verbindung mit zwei Konsolen

Mit Hilfe einer LAN-Verbindung können mehrere Nintendo GameCubes miteinander verbunden werden, so dass jeder Spieler über sein eigenes Fernsehgerät spielen kann.

LAN ist die Abkürzung für "Local Area Network" (Lokales Netzwerk) und bezieht sich auf begrenzte Bereiche, wie Haushalte, Schulen oder Firmen.


SIE BENÖTIGEN:

- 2 Nintendo GameCubes
- 1 Nintendo GameCube Controller pro Spieler
- 2 Nintendo GameCube Breitband-Adapter (Amazon 59,9€)
- 2 Fernsehgeräte
- 2 gleiche LAN-fähige Nintendo GameCube-Spiele
- 2 Memory Cards (wenn Spieldaten gespeichert werden sollen)
- 1 10BaseT-kompatibles Crossoverkabel mit einem RJ45-Anschlussstecker (hun ech)


INFORMATIONEN SPEZIELL ZU MARIO KART: DOUBLE DASH!!

Diese LAN-Verbindung ermöglicht es bis zu acht Spielern, über die beiden Fernsehsbildschirme zu spielen. Bei mehr als zwei Mitspielern sind die Fernsehbildschirme geteilt.

Et kann een och Mario Kart zu 16 Leit spillen, allerdings brauch een dofier mei Kabel, een HUB, an mei Gamcuben= nach mei deier!!!!

Re: Gamecube

Haut sin sensationel nei Screenshoten vum neien Nintendo DS opgetaucht!!!! D'Spill heecht "super mario 64x4 ". Et gesait esou aus wei wann et een remake vum Mario 64 waer plus nach een
Multiplayer fier 4 persounen !!!

Hei den link zu den photoen:

http://gamesweb.com/e3-2004/screenshots/detail.php?item_id=42101

Plus nach weider news iwert Nintendo fier d'E3

http://gamesweb.com/e3-2004/news/detail.php?item_id=42129

(quelle: http://gamesweb.com )

Re: Gamecube

NINTENDO DS
Haut ass den offizielen design vum neien NINTENDO DS am Internet ze bewonneren! En geseit schon en bessen mei edel aus wei een dat z.b. vun E3 gewinnt war kennt awer net un den Design vum PSP erun mee en ass schon net schlecht!

Wat halt dir dovun? Wat fier een ass besser an kaaft der iech een???

Hei den Link zur japanecher (!) homepage:

http://www.nintendo.co.jp/ds/

Re: Gamecube

Wat well een mei: D Spiller fier den neien Nintendo DS sollen beim Release schon mei belleg sin wei dei vum GBA, nämlech 29,99 €! 8 bis 12 Spiller werd et um unfank gin, z.b. "Super Mario 64 DS"! An besoneg d Spiller vun aneren Firmen werten interessant gin!


An den Preis fier den Nintendo DS soll bei 149,99 € leien!!! Dat wär jo net zevill

Dat heiten sin d Spiller beim Release:

Super Mario 64 DS
Pokemon Dash
Big Concert! Band Brothers
Touch! Made in Wario
Intuitive Stroke
Zoo Keeper
Mah Jongg Tournament
Kimishine
Tendo Dokuta
The Urbz: Sims in the City

An nemmen en bessen mei speit kommen:

Spider-Man 2 (Activision )
Madden NFL
Tiger Woods PGA Tour
The Urbz (alle Electronic Arts)
Ping Pals (THQ)
Puyo Pop Fever
Feel the Magic: XY-XX (alle Sega)
Final Fantasy 3 (Square Enix)
Rayman DS (Ubisoft)
Viewtiful Joe (Capcom)

Highlights dei nach kurz dono kommen werten sin"GoldenEye: Rogue Agent", "Need for Speed Underground", "Mario Kart", "Animal Crossing" an "Metroid Prime: Hunters".

Re: Nintendo

NINTENDO DS US. RELEASE

Mettlerweil ass den DS jo an Japan an der USA ze kreien, an dodurch kann een elo genau opzielen wat en alles kann! Wichteg awer: Fier Europa soll eng besser Versioun eraus kommen, wou en puer Bugs behuewen gin, an hei wärt een en och am schwarzen kreien!!! Mol eng keier wou Europa "der lachende Dritte" ass!

Ech mengen dei Sachen wei dass den DS 2 Bildschirmer huet an een dovunner Touchscreen ass, muss ech kengem mei soen!

Dei nei Ideen mierkt een direkt sou baal een den DS opklapt! Mat engem gudden "BLING" Toun am Stereo (!) Sound get een begreisst! Den DS huet 2 Lautsprecher dei wirklech gudd klengen an et mierkt een gudd dass et ab elo Stereo ass! Ausserdem kann den Sound Chip vum DS "Virtual Surround Sound" erzeugen, wouduerch mat z.b. extra Kopfhörer een Surround Sound Gefill opkennt! Den DS huet och elo 2 Sloten fier Spiller anzestiechen! Ennen een groussen fier all dei aal Spiller (vun GB-GB SP), an uewen een nemmen halef sou groussen fier dei kleng nei Speicherkaarten! D Siller keeft een iwregens an klengen DVD Boxen dei veiereckeg sin, wou Platz fier nei an aal Spiller ass! En Mikro huet den DS och, anzwar fier Sprocherkennung! Domader sollen sech awer och aner witzeg Sachen ermeiglechen, sou kann een z.b. iwert den DS blosen, an eng Kerz geet um Bildschirm aus!

Nodems den DS un ass, kennt een an een Haaptmenu! Do huet een niervt enger Auer an Kalenner, verschidden Meiglechkeeten, wei z.b. wat fier een Spill een starten well, optionen, an den "PICTO CHAT"!!! Met deem ass et meiglech iwert W-LAN mat anneren DS Spiller ze chatten oder Biller ze schecken! An et muss een dobei soen dass den W-LAN bis zu 30 Meter weit geet (och an engem Haus) Ausserdem ges du dengem DS elo een Numm (Nickname) deen dann automatech an all Spill iwerhol get!

Een ganz starken Punkt vum DS deen dem PSP keinnt Geneck briechen ass den Touchscreen! Nintendo huet wirklech gudd Ideen wat een alles domader kann unfenken! An ausserdem ass en excellent fier Ego-Shotter! praktech genau sou gudd wei eng Maus um PC! An wei geet dat? Ma um ierwechten Bildschirm geseit een d Spill, mam Steierkreiz geet een durch Geigend, an um eneschten Bildschirm fiert een mam Stylus hin an hier an domader zielt een dann och oder wierselt Waffen! Muss een am besten Gesin hun mee leist sech anscheinend mega gudd spillen!

Zum Europa Start vum DS sollen anscheinend 60 Spiller mat eraus kommen, an dobei wirklech schon en puer excellent Titelen! An genau wei beim GBA an GBSP ass et erem meiglech mat engem Spill zu puer leid spillen ze kennen, allerdengs soll dat des keier vill mei angesat gin, an och besser spillbar sin! Baal all Spill soll een Muliplayer deel hun (zuguer deen gudden aalen Mario 64 kann een mat engem Spill zesummen mat 4 Leid spillen)!

Bei eis kennt den DS am 1. Quartal 2005 eraus woubei Experten op den März tippen!

Sou dat geet elo mol duer, wann nach eppes fehlt dann schreiwen ech dat an engem 2en Deel!

Mee wat halt dier dann vum DS??? Besser wei den PSP??? Wien wärt dier iech kaafen???


Re: Nintendo

VIP 24:7 / Nintendo Club Member

Secher kennen verschidden Leid dat heiten schon, mee fier all dei wou et net kennen dierft et interessant sin! Wei verschiddenen vun iech schon bestemmt opgefall ass, ass bei original Nintendo Produkter emmer eng kleng Kaart dobei wou se Reklamm fier hieren Club maan! Zousetzlech kann een dann emmer nach een Code freirubelen wou se engem soen, dass een domader verschidden Bonussachen geif kreien!
Sou wei dei meecht vun iech hun ech mer och geduecht dass dat oninteressant ass, an souwiesou nemmen gespills!
Mee trotzdem hun ech mech emol ungemeld an ech muss soen dat ass besser wei een mengt! Net nemmen dass een interessant News, Biller an Videoen zu den kommenden Spiller kritt dei exklusiv fier Club Member sin, nee et kritt een pro Code vun engem Spill deen een an get och nach etlech Bonussachen (Mini Games, Screensaver, mp3en, exploreren Windows Themes,....)

Ausserdem kritt een pro Spill 250 Steren mat deenen een sech Sachen kaafen kann, wei zb.: stylech Nintendo T-shirten.
Wuel verstan dier kaaft dei Sachen nemmen mat den Steren, dier musst keen Euro extra bezuelen!!!
Punkten kritt een awer och durch Aktiounen wou een mat mecht, an pro Daag wou een online ass kritt een der och!

Also et ass absolu dowert sech unzemellen, zumols wann een doheem nach en puer Nintendos DVDkeschten leien huet mat wertvollen Coden (sou wei ech )

Klickt ob den Banner hei ennen fier och Member ze gin!!!



Re: Nintendo

Gouf's du bezuelt ?
Vun Nintendo ...

Majo mee amfong wollt ech schreiwen dass den Freiden den Metteg den Nintendo DS fir mech gestuewen ass! Also ech war an den Auchan an do haaten sie dei demo versioun dei sie iwerall hun. Dun hun ech eng keier all demoen gespillt an ech war sichtlech entäuscht ! Eischtens et kuckt een emmer op deen eneschten schirm oder deen irweschten. An do get een ganz durganeen. (fannen ech) An den usaatz wou deen 2 schirm, also d'klapp drunn ass - dei scharneier ass mega deck esou dass een riesen espace zweschend deen 2 schiermer entsteht ! also et huet mir bruecht dass ech ! mer elo secher sinn dass ech mer den nintendo DS - net wert kaafen !

Majo dann awer nach vill spass deenen dei en awer kaafen an trei Nintendo Fans sinn.

ciao - forever PSP

Re: Nintendo

Dat ass jo erem typech! Kuckt just op d Ausgesin, an Platz ob dei inner Werter!
Kann jo sin dass dat mat den 2 Bildschirmer en bessen komech um Unfank ass, mee wei hues du der dat sos fiergestalt? Oder kanns du deng Aan sou verdreinen, dass de 2 verschidden Bildschiermer gleichzeiteg kanns fokuseieren?
An dat mat deem ze groussen ofstand kann jo stemmen, mee dat war bestemmt sos technech net meiglech gewiecht, oder et hät erem jidereen gemeckert, et geif ze vill wakelen. Mengen du wees jo wei d Leid kennen sin!

An wei waren dei Demoen dann deis de gespillt hues? Machen se Spass oder kommen se net un deng dach esou geleiften Sony Spiller erun?

Also ech kaafen mer den DS secher (an nee ech gin net vun Nintendo bezuelt)

I love Nintendo

Re: Nintendo

majo dei demo hun zu mengem entäuschenden ergebniss zou gedroen !

mee bon et war wirklech just fir ze weisen wei daat mam touch screen esou geet ! well et waren esou saachen wei engem een hoer ausrappen, oder engem ee steck pobeier an d'nues stiiechen, du hues missen een männchen an engem kuef bis bei eng fra an engem turm zeien. .... et geet.

Also et maach jo sinn dass den nintendo ds vum inhalt hier wirklech gudd ass, mee mir muss en awer och emmer optesch gefaahlen, an benutzer freundlich och - an fir meng verhältnisser ass en daat net gudd genuch. Ass mer och egal waat's du elo erem fir komesch saachen sees mee ech gin jo och an den Farfalla also ech sinn frou dass ech mech net mei muss fir een vun deenen 2 dessideieren. tjo

Mee well nach eng keier betounen dass daat jo meng meenung ass - an dat ech fannen dass jiidereen sech sain eegen androck maach muss. An dann dessideieren soll wei een en sech kaafen well oder flait dei 2. Majo dann gidd ierch emol an eng schlaang an den auchan stellen. (et ass zwar nie een do)

Majo wann dir ierch e dann kaaf hut schreift dir hei hinner wei en ass! natiirlech !

Den Ds huet jo den groussen virdeel dass en an enger woch eraus kent ! an den psp net ciao

PSP - forever

Re: Nintendo

Majo et ass jo wirklech ne mei lang bis den DS eraus kennt (ech freen moch schon mega drop )
An soubaal ech en hun schreiwen ech genau wei ech en perseinlech fannen. Mee denken dat wärt daueren bis ech eng keier ob haalen wärt mat spillen fier hei an den Forum ze schreiwen!

Ob Giga am Forum huet een en Bericht geschriwen deen den DS schon huet an et get en zimlech gudden Anbleck wei den DS no mei langem spillen ass (also net nemmen puer Minuten am Auchan getest )

Den Ganzen Bericht fand der hei: Nintendo DS Bericht

Puer auschnetter:
...
Der DS: Als ich ihn aus der Packung holte, dachte ich erst: "Mann, is das Teil groß!" Doch dieses Gefühl des Groß seins verschwindet nach ein paar Stunden Zockens. Denn man merkt wie genial der DS in der Hand liegt, selbst wenn man ihn nur mit einer Hand hält, wie man es bei Metroid und Wario Ware macht. Die Knöpfe sind alle sehr gut verarbeitet, genau wie das Steuerkreuz. Was mich allerdings stört, sind fehlende Abdeckklappen für die Modulslots.
...

...
Insgesamt liegt die Grafik über dem N64 Niveau. Der Sound hingegen überzeugt noch mehr als die Grafik. Das Spiel bietet Virtual Dolby Surround, das heißt, ihr könnt immer hören von welcher Seite sich etwas nähert.
...

...
Fazit: Der DS hält was er verspricht. Der Touchscreen ist eine Neuerung, die ich bei der PSP vermissen werde. Grafisch kann der DS mehr, als alle vermutet haben, was man an Metroid sehen kann. Auch der Virtual Dolby Sorround Sound ist wirklich genial. Alles in allem ein Pflichtkauf für Gamer.


EDIT:
Ech hun am Internet gelies dass den NFSUndergorund2 och fier den DS soll eraus kommen, an zwar mat coolen neien Features. Sou kann een mam touchscreen den Auto sou lackeieren wei een well oder seng egen Vinyls molen an op den Auto pechen!!!