Stickman - Forum - Good Links

I-Stuff

I-Stuff

Wost der schon dass am FEDEX Logo een perfekten Feil verstopt ass??? Jo genau ech hat et bis elo och net gemierkt mee en ass wirklech do! Kuckt op der en fandt!



p.s. net erof scrollen well am nächsten Beitrag ass d Leisung

Re: I-Stuff

An hei den perfekten Design als Leisung! Hudd dier en fondt???

Re: I-Stuff

I-stuff

Ech hun mer geduecht dat een enert I-stuff all meigleches dran schreiwen keint saachen aus dem internet mee och soss all meiglech informationen ... WEI z.B dat mer zu oueren komm ass dat den media markt an den saturn zesummen sinn also daat ganzt eng firma ass !!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!! jojo an dann soen LASS DICH NICHT VERARSCHEN jojo dei hun mer gär . mee bon

Ech als media markt fan oder ? ex-media markt fan wollt dozou nach soen dat et wirklech ofzeroden ass eppes bei hinnen ze kaafen waat net graad an der promotioun ass ze kaafen. Well ech war kucken eng nei Digital kamera dei net bei hinnen an der reklam ass kascht awer gudd 60€ mei wei hei (mat ausnahm vum electrohauser !! ) mee bon bei deenen ass jo emmer alles mei deier.


p.s. : een scheinen farwegen posting.. gel.

Re: I-Stuff

Majo wollt just nach esou soen dat daat waat urwen an deem posting orange geschriwen ass dat daat SATURN heeschen soll ....

Ech verspriechen niemei orange ze huelen

Re: I-Stuff

Jo Lloyd dat mat der Orange musst de elo leider opgin! Mee dofier kanns de jo elo och greng Schreft huelen!

An dann ass iech jo bestemmt opgefall dass bei google des Woch all daag een neit Bild ze gesin ass mat 2 Eisbieren! Fier dei wou et interesseiert ass hei den Link fier se all nach eng keier ze gesin:

http://www.google.de/doodle9.html


Re: I-Stuff

Hun grad an enger News gelies dass an Neuseeland eng 30 Meter lang Breck (!) geklaut gouf !!! Wei kennt een nemmen op d Idee eng Breck ze klauen, an dann funktioneiert dat och nach?! Ok d Breck loung en bessen ofgeleen an get net oft benotzt mee egal. Wou soll dat nach hinfeieren? Gleich get net mei an en Haus angebrach, mee et get direkt dat ganzt Haus matgehol! Anscheinend probeieren se elo dei enzel Stecker un Schrotthändler ze verkaafen, ech weist och net wat een sos mat enger Breck soll unfenken!?


Re: I-Stuff

Hun eng flott Sait fondt wou Filmplakater verännert gin, mat anneren Menschen an esou! Puer sin zimlech gudd gemach!!!

Worth1000.com


Re: I-Stuff

Eng Sammlung vun zimlech spektakulären Photoen, dei een Mann vun Stierm gemach huet! Ass schon speziel dat emol sou ze gesin, iert dat ganzt lass geet!!!

http://www.extremeinstability.com/2004photos.htm

Re: I-Stuff

http://www.fmdesigns.de/

einfach ng keier kucken goen ! An just alss info irwen bei... den tip dee daat gemach huet ass 22joer aal .

Re: I-Stuff

moien....
ech well jo kengem ze no trieden , ech sinn jo och net aus deser Branche , awer mengt der net dat mat FedEx enfach nemmen DECKEN Zoufall waar ???