Stickman - Forum - Online Fundgrube

Online Fundgrube

Re: Online Fundgrube

 Un sech brauch Glas Gaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaanz laaaaaaaaaaaaaaaanng
bis et fest ass...

gucks du hier

http://www.geoscience-online.de/index.phpcmd=focus_detail2&f_id=181&rang=5




Re: Online Fundgrube

Tja elo wollt ech hei just d Leid en bessen iweraschen mat  der Sach, dass Glas eben eng Flessegkeet ass, an den Snoopy muss mer alles futsch maan  

An dier kennt all dem Snoopy merci soen, well doweinst erzielen ech elo NET wiesou op eng standard CD 74 Minuten Musek passen, an net mei oder maner!  (tipp: Sony hat alt erem seng Fanger dran)




Re: Online Fundgrube

Zitat: mich3l

Tja elo wollt ech hei just d Leid en bessen iweraschen mat der Sach, dass Glas eben eng Flessegkeet ass, an den Snoopy muss mer alles futsch maan

An dier kennt all dem Snoopy merci soen, well doweinst erzielen ech elo NET wiesou op eng standard CD 74 Minuten Musek passen, an net mei oder maner! (tipp: Sony hat alt erem seng Fanger dran)





Also et gin wuel manner wei 74 Minuiten ob eng CD

Ech well jo hei awer net als 'Besserwisser' oder 'Oberstreber' ofgestempelt gin ,
an ech entschelechen hei an aller form wann ech den Mechel ob d'Fess getreppelt sin..



Re: Online Fundgrube

Ok dann soen ech et eben!

Demols wou d CDen entweckelt goufen hat den Chef vun Sony (oder seng Fra, sou kloer ass dat net) zu den Entweckler gesot dass CD 74 minuten laang Musek muss kennen ofspillen well sos sein Lieblingslidd (Beethoven, 9te Symphonie) net ganz drob past!

Tja, Chef vun Sony mist een Sinn! Dann kritt een alles wat een well!




Re: Online Fundgrube

An erkennt der dat Gebei hei ennen erem? Natierlech, mee wat zimlech interessant drun ass, dat ass, dass dei Photo vun engem Satelit gemach gouf!!! Anzwar kann een sech op der internetsait http://maps.google.com/ dei komplett welt unkucken! Um Unfank geseit een nach den ganzen Planeit, an dann kann een Steck fier Steck eran zoomen! Ganz egal op dat elo den Kirchbierg, New York oder irgendwou am Urwald ass!


Re: Online Fundgrube

Also dei Foto ass jo super schaarf , wann ech ob Letzebuerg zoomen dann gesinn ech nemmen onschararf Biller , an dann wann ech mei no zoomen dann kreien ech gesoot daat et keng Biller on dei distanz ginn 


Re: Online Fundgrube

Jo net all Deeler vun der Kaart sin an enger sou scharfer Opleisung. Kann also sin, wanns de irgend een klengt Duerf wells kucken, dass dat net sou scharf photographeiert gouf. Mee dei ganz Stadt ass awer scharf! Ausserdem erkenns de dei Zonen dei besser Photgrapheiert goufen dorun erkennen dass se an enger mei klenger Zoomstoff mei blatzeg an verfierft ausgesin (mechtens eenzel rechtek Formen)


Re: Online Fundgrube

Yep ech hun meng Schaff font , awer d'Fotoen sinn ob mannst 1,5-2 Joer aal 


Nine inch nails Video !

Gidd iech onbedengt emol deen Musek Video vun "Nine Inch Nails - Only" unkucken. Einfach nemmen eng genial Idee, an perfekt op manst genau sou genial teschnech emgesat!

Music Video




Most dangerous Animals

Hei eng lescht vun den 10 gefeierlechsten Deieren op der Welt an wisou se daat sin. Mei Detailer an Biller fandt der ennert : Livescience.com/top10_deadliest_animals

Mosquito - 2 milliounen Menschen stiewen pro Joer durch Krankheeten, dei se iwerdroen.
Asian Cobra - net dei geftechsten mee dei agressivsten.
Australian Box Jellyfish - 60 tentakelen mat Geft fier 60 Menschen.
Great White Shark - soubaal en Blut bemierkt sin seng 3000 Zenn net mei ze stopen.
African Lion - schnell, messerscharf Zenn an emmer hongrech
Australian Saltwater Crocodile - rieseg grouss an greift iweraschent un.
Elephant - net all Elephant ass emmer fridlech.
Polar Bear - keint mat senger Pat engem den Kap ofschloen.
Cape Buffalo - kann enorm fest mat sengen Hörner stoussen.
Poison Dart Frog - extrem geftegen Fresch.