Stickman - Forum - Themen

Apple/ iPod

Apple/ iPod

Apple huet elo bekannt gin, dass sie wellen een "Mac Mini" erausbrengen. Deen nemmen 5cm heigen Mini Computer soll nemmen 1,3 kg weien, an schon fier 489€ ze kreien sin! Allerdengs ouni tastatur, bildschirm, asw,...! Mei ass awer nach iwert den "Mac Mini" Bekannt!

An een neien iPod kennt och! Den "iPod Shuffle" ass vill mei kleng wei deen normalen iPod, huet awer dofier keen Bildschirm! Et soll een Einsteigermodel sin deen an 2 versiounen eraus kennt! Eng mat 512mb fier 99€ an een mat 1GB fier 1458€!


Mei Biller an Infos iwert den iPod Shuffle hei:
http://www.apple.com/ipodshuffle/

Wat halt dier dann vum neien iPod? Mir perseinlech nervt et dass keen bildschirm drob ass, mee dofier ass en kleng, belleg an 1GB geet mir eigentlech duer, fier dei Lidder dei ech gaeren lauschteren!

Re: Apple/ iPod

Deen Link hei ass vum Snoopy-Doopy:
http://www.heise.de/newsticker/meldung/55011

Hun hei eran gereckelt, well et muss een jo net grad 2 themen iwert apple hun Deen anneren hun ech gelöscht (hoffen bas net rosen )!

Re: Apple/ iPod

Also Apple huet elo gesot dass hieren neien Mac Mini extrem gudd geif verkaaf gin, an sie häten trotzdem keng Problemer mat der Liwerung!!!

Ech perseinlech sin mer awer nach net secher op ech mer een kaafen! Ech hun een gudden PC mat deem ech och alles kann machen, an ausserdem get den Mac och net mei sou ganz beleg wann een alles mat anberechent! Wann een dei besser Versioun mat 1,4ghz, plus 512mb Ram, an Tastatur an Maus (wat alles mus extra kaaf gin) kennt een awer baal op 800€! Ok dat ass nach emmer mega beleg, awer net mei beleg genug fier als 2en System doheem ze hun! Dat ass meng Meenung dozou!

Re: Apple/ iPod

Moin,moin

hun e beschen durch d'Welt gesurft em eng leisung ze fannen fir den iPod un den Autosreadio ze schleisen (ouni de Qtrip). Hun geliesen dat an der nachster Zait bal all Autoshiersteller en Adpater unbidden fir den Ipod un de Radio ze haenken.Pionner brengt dem naechst och een Adapter eraus mol kucken wei daat ausgesaet


Re: Apple/ iPod

salut -------- .. ..

Et get schon deen Adappter fir Alpine Radio'en! deen kann een elo schon kaafen. An fir Pioneer kent en tatsächlech ereischt an 6-7 meint op den Marché. Fir dei aaner Radioen hun ech zwar nach naischt heieren. Daat fir drann ze Bauen gouf ech haut gewuer kascht emol 99€ fir iregend eng Blackbox an den Auto gesaat ze kreien! an dann kann een den Radio als Display fir den i-pod huelen also brauch een net dauernd um i-pod ze kniwelen.

Op een et brauch ?
Braischt een mol een egenen Auto.

Re: Apple/ iPod

Also wann ech een iPod hät an och en egenen Auto geif ech mer secher sou een adabter oder radio unleen, well ech fannen schon dass dat zimlech praktech wier! Besser wei CD brennen an nemmen Radio lauschteren!

Re: Apple/ iPod

Den Adapter fir den Pioneer kennt am Maerz ob den marche , warscheinlech an den States fir 140 tollar
Et ass eng 'Schwaarz kescht' dei un den Bus vum Radio ungeschloss get an dann kann een den iPod iwert Knaeppescher vum Radio steieren.
Den bellegsten Pionner den een Bus ausgang huert ass den Auslaafmodel DEH-3600.

Re: Apple/ iPod

Uuuups erem net angeloggt


Re: Apple/ iPod

Am Abrëll kennt den Pioneer-Adapter fir 99 teuronen eraus

http://www.pioneer.de/de/product_detail.jsp?product_id=10148&taxonomy_id=362-384


Apple/ MightyMouse

Apple presenteiert elo hier nei "Mightymouse". Et ass dei 1en Maus fier een Mac dei net nemmen mei 1 Tast huet, mee direkt 2 click tasten, 2 dreck Tasten, an een Scroll Ball. Klengt elo komech mee ass awer wei ech fannen zimlech gudd gelong. Zumols dass een anplatz vun engem standard scrollrad, elo eng boul huet mat der een an all Richtung scrollen kann. (sou eng boul fend een och oft op den Tastaturen vun laptopen.) Den Design ass greissten Deels nach genau wei beim Fiergänger. Kuckt iech ennert dem Link nach zousetzlech Biller an Informatiounen un.

Link: Mightymouse




Re: Apple/ iPod

Wou kennt eigentlech deen Numm "Apple" hier ?!

1976 hun den Steven Jobs an den Steven Wozniak eng Computerfirma gegrend. Mee fier dass een eng Firma no US-Recht grennen kann, muss een , een Numm hun. Also hun sech all d Matarbechter an enger Versammlung getraff fier zesummen een Numm ze fannen. Allerdengs sin se och no Stonnen op keen anstenegen Numm komm, an dem Steven Jobs war dat dun ze domm. Dorob hin huet en sein ungebassenen Apel op den Desch geluecht an gesot: "Wann hei keen een besseren Virschlag huet, heescht Firma eben Apple". Et hat keen en besseren Virschlag.

Ausserdem interessant ass, dass dei Apelzort dei den Steven Jobs emmer gies huet "Macintosh" geheescht huet.




iPod video

Apple huet alt emol erem eng nei Versioun vum iPod eraus bruecht. Dei greissten Neiereung: den iPod kann elo och Videoen ofspillen. Allerdengs nemmen den neien video standard "H264" vun apple, wouduerch et net meiglech ass einfach .avi oder .wmv ze kucken. d Videoen kann een entweder mat der "Quicktime" Software konverteieren oder et keeft een sech d Videoen iwert iTunes.

Dei aktualiseiert Versioun bid elo och Videoen zum Verkaaf un. Um Unfank zwar nemmen Musikvideos an Kurzfilmer vun Pixar, mee herno sollen haptsechlech Serien wei "Lost" an "Desperate Houswifes" kommen. An dat zu engem Preis vun 2, 49 Euro pro Video. Den iPod kennt an 2 Versiounen eraus. Fier 319 Euro get et deen klengen Modell mat 30 Gigabyte, an fier 429 Euro kritt een den iPod mat 60 Gigabyte.

Op Videoen um iPod eng Zukunft hun ass schweier soen. Musek kann een emmer nierwen bei lauschteren awer een Video brauch dei komplett Obmierksamkeet. Ausserdem ass den Bildschirm net grad grouss. Allerdengs ass et eng praktech sach verpassten Senungen deen aner Dach ennerwee nozekucken.