Stickman - Forum - Friends

Inner circle feat. Dart circle

Re: Inner circle feat. Dart circle

Also_____ Plang: Sonnden 31 Dez. 2006

Ech hun mer d'fro gestalt waat mer iessen? Mc donalds? Mee fir een Joer ofzeschleissen geing ech mech och dozou breet schloen lossen fir Raclette hei zu Köln ze maan. Fleit kennen mol dei Verschiden Leit soen waat se mengen.

Zum Offlaaf. ech wollt esou geint 3 - 4 auer zu Letzebuerg fort fuern. Fir dass ech awer schon bessi hei sin. Well ech net ze vill stress wollt.

Hei unkomm alt d'better anriichten oder Raclette fir bereeden.
Dan Nom iessen, op den Wee maan mat der U - Bahn richtung Rhein-> Well do Freedefeier kucken mat iwer 10.000 anneren Leit ass anscheinend MEGA also dann wann mer op der5 aanerer Seit sin Kämpfen ech mech mat ierch erem eriwer op dei aaner Seit do kennen mer wielen op mer eis do an den Strossen vun der Aalstaadt ronderem dreiwen oder eis do een Kaffe siichen. Oder awer mir maan eis op den Wee an Zülpicher Strasse wou mer eis och an een Kaffe oder soss maan wou bei ze soen ass dass do eischten mei jonk leit wärten sin!

D''U-Bahn fiert bis ongefeir 4:45 auer doremmer heem mee daat kennen mer jo nach kucken wei mer daat maan oder op mer enh U- Bahn huelen dei Moijes frei heem fiert. Falls daat engem ze frei ass fir Heem ze fueren. Mee eng kleng After bei eis doheem oder eng Poker kann een emmer starten....

Jo moijes den lauretn fiert Heem geint 1 auer well en um 4 auer Schaffen muss. Dei aaner wees ech net. Ech bleiwen Warscheinlech do mam Delfina?? an mam Joanne well sie haaten mam Mich ofgemaach dass sie dei Woch erop keimen. Den Mich kennt aus der Beldge erop gefuer direkt op Köln fir d'Woch iwer hei ze Bleiwen fir dass mer dann erem op Letz. kommen fir den Snorri ze verabschieden. (Shell, Aral wärten eis Danken)

Fir weider fiershclei sin ech emmer op!!


Re: Inner circle feat. Dart circle

Ech wees och net waat leeft, die 3 sin jo ennerwee, ech sot ze hinnen, si sollen kucken, an ech sin wahrscheinlech dabei. De Laurent waert dech uruffen. Hun haut souguer Arbescht ob der Arbescht. Dofir winke winke.


Re: Inner circle feat. Dart circle

Lo geet et besser, du kanns jo ob Letzebuerg kommen, dann baste alt schon hei, wann den partyweekend ufänkt, hun haut schons gesot dass ech muer reicht fir 10 auer schaffen kommen.

 




Re: Inner circle feat. Dart circle

Schon praktech sou een geleinnten Laptop mat W-Lan an genug domm Belge, dei hiert W-Lan net schützen , an schon ass een am geliebten Forum. An wei ech gesin erem deen üblechen Chaos mat  wei, wat, wou, mat wiem an wiesou iwerhapt??!! Mee dat ass een jo net anechters gewinnt hei

Hoffen dier hudd all een scheinen Sylvester Owend (zu Köln) gehat, hei ass d Wieder nämlech zimlech "lüfteg". Mee den Mettwoch geet et emol erem op dat warmt Köln fier d Vakanz nach en bessen ze notzen an en bessen ze entspannen.  

Bis dann irgendwann ihr Katie Witten!




Re: Inner circle feat. Dart circle

Sali Community am neie Joer,

Lo hätten mer et gepackt an den Alldaag huet eis erem. Silvester war mega an gett schweier ze toppen. Wei den Luc schon sot sin e puer Sprech hänken bliwwen dei an d'Geschicht agoen wärten ( Fahr dem Taxi hinterher, das hinter und ist; ich hasse rote Ampel;...)

Schau mer mal waat daat neit Joer brengt...

Sylvester

Jo, et muss een schon soen, dass Sylvester wirklech top war, daat geet ganz schweier ze toppen   Just 2 negativ Sachen woren och mat dobai,

1. Main Palton ass verbrannt, hen huet en gehirlost Laach hanen am Rek

2. Ech hun och nach d Panz deck erkaalt, duerch den schaiss Reen bestemmt, just virun 12 auer.

Mee et war awer top




Re: Inner circle feat. Dart circle

Dem Tobi geet et schon nees besser, daat as just emmer den eischten Shock no deem een gemengt huet, dass een verleiwt as. Mee alles as nemmen hallef sou schlemm. Gott sei dank.

Ween as muer beim dart dabei? dass mer wessen ob ween mir warden, ob ween net.




Re: Inner circle feat. Dart circle

Dabei wei emmer!

de Snorri entschellegt sech, kann muer leider net mat.

Re: Inner circle feat. Dart circle

Zitat: Gast
Dabei wei emmer! de Snorri entschellegt sech, kann muer leider net mat.

Daat war natiirlech ech, scheiss Login. Deen proxi.etat.lu speichert einfach naischt

Dart

Also ech sin muer selbstverständlech och dobai, awer nemen bis 11 auer, hun nuechtsschichten ab muer uns. Next woch sin ech net dobai, d woch drop awer erem

Bis dan

Salut