Stickman - Forum - Friends

Inner circle feat. Dart circle

Re: Inner circle feat. Dart circle

Also ech kann leider muer net matgoen. Hun ze vill ze schaffen, an bleiwen doweinst des Woch mei laang zu Köln. Mee d nächst Woch sin ech nees mat dobei, anzwar nees an voller Form!!!

Re: Inner circle feat. Dart circle

oh miesen, ech wär zwar och mega gär haut matgangen.... oh, dan spillen ech einfach aleng bei mir an der garage




Re: Inner circle feat. Dart circle

Sali Iceman, endlech bass de hei ukomm

Kuerz Zesummenfaassung vun geschter Owend:

Et war net vill lass, et huet een gemierkt datt d'Schoulen rem un sin. Geint 11 Auer war et zwar gudd gefellt , mee dei meescht waren sou teschend 25 an 30 Joer.

Zum Dart:

Et waren do: Luc, Laurent, Patrick, Pedro, José, den M ?? , an den G (mengen deen heescht Gustave) an meng Weinegkeet

Dir hutt net vill verpasst, et wir besser dir 2 (oder lo 3 mam Iceman) keimt Donnegstes roof an spillt matt, dann gett et secher mei lusteg...

Hoffen kann den 18/01 op ierch zielen

 

Re: Inner circle feat. Dart circle

Den Iceman, ween gleeft et ... en huet missen bis an Island fueren fir den Wee an eisen Forum ze fannen ... 

Majo ech schwetzen emol fir mech, an ech wär wirklech gär komm mee mir hun alt weinsten e bessi missten Schaffen. Den 18 sin ech awer emol secher erem derbei. Well ech freen mech op een Dart am Schong. Majo buddys, wou emmer der och op deser Welt sidd.

See you


Re: Inner circle feat. Dart circle

Hey, majo ech sin dobai nachsten donneschten, hehe. Leider net, mee dan am summer awer . Sin geschter guer net schlofen gangen, hun misten den mega projet do ferdech maachen, elo as en emol ferdech, mee jo esou as daat, allez amigos bis demnaechst, salut


Re: Inner circle feat. Dart circle

Wei stin mer den owend am scott's?

Ween as dabei, an um weivill Auer sin mer do?

Un den Lloyd an '3' gericht: weini komm dir rem?

Un den frog gericht; weini fueren mir 2 leifer?

chic chic




Re: Inner circle feat. Dart circle

Hossa!

Verhaalt ierch daat, ech soen et net oft:

Ech hun haut vill geschafft. Sin bessi freckt zeguer. Muer rem Samsten, ei, endlech Weekend

Also Tobi zu Fro 1:

Ech hoffen mir stin riicht do, wei geseit daat och soss aus??

Fro 2:

Sin dabei.

Fro 3:

Geet mech naischt un

Fro 4:

Wanns de eng Auerzeit wees dann so mer bescheed, dann kommen ech geflitzt.

Bis den Nowend dann dir Banausen, an losst iercht net vum Orkan huelen...

Dart circle

Majo, den Owend sin ech net dobai, mee op der Aarbescht schmoren, mee vlait kommen ech awer no 12 Auer, rufen nach un. Next woch sin ech erem dobai, d woch drop drop vlait, kucken emol. Majo Männer, dan vill Spass, während ech d Fernbedienung drecken, bis dan, Salut




Re: Inner circle feat. Dart circle

Hey guys,

dem lloyd sain lidd: da sin mer dabei, dat is prima ....

Ween seet daat fir den owend och?

Ob deser platz mellen w.e.g.!




Re: Inner circle feat. Dart circle

Sin den owend dobai, mat ganz neien feiler, kucken waat do geet. Next woch gin ch entweder op den traning oder mat an den scotts, wees nach net. bis den owend, salut