Stickman - Forum - Games

Next Generation Konsolen

Next Generation Konsolen

Elo mat den bessen ofstand zur E3, kucken mer mol , wat fier eng Konsol bei den Leid fier leid?!

Ok, dat ganzt ass nach zimlech schweier anzeschetzen, well nach net vill gewost ass iwert PS3 an praktech guer naischt iwert den Revolution!

Just bei der XBox 360 wees een wat een ze erwarden huet! Hei een ganz klengen Resume wat een bis elo wees:

XBox 360:

-Iwer 9Ghz Rechenleeschtung

-Kabellos Controller

-Groussen Wert get op den Online Modus geluecht

-PSP, PC , iPod, an aner Geräter kennen direkt un d XBox ungeschloss gin ( iPod kann bei zb. rennspiller als Radio ansetzen)

-Wieselbar Cover Designs

-Abwährts Kompatibel, an kann DVD ofspillen

-Kennt am Hierscht 2005 eraus

Ps3:

-Cell Chip deen emdei 10 Ghz huet

-Kabellos "bananen" Kontroller

-Stark Spiller (GT, GTA, Metal Gear,...)

-Online Modus

-Abwährts Kompatibel, an kann DVD ofspillen

-Kennt am Freijoer-Summer 2006 eraus

 

Revolution:

-Et kann een sech online all aal Spiller downloaden an spillen (NES-N64)

-Abwährts Kompatibel, an kann DVD ofspillen

(-den Design ass nach net deen Finalen, genausou wei den Numm "Revolution")

(-anscheinend entweckelen se grad een "revolutionären" neien Kontroller)

(-Keng Infomatiounen zur Leeschtung oder zu Spiller)

-Kennt irgendwann 2006 eraus! (Freijoer-Hierscht)

Sou an elo zu menger Meenung:

Natierlech sin ech schon enorm gespannt wat Nintendo do brengen werd, an ech sin mer zimlech secher, dass ech mer dat Gerät werd kaafen (op Nintendo ass verlos). Bei deen aner 2 ass am Moment d X Box 360 mein Favorit!!! Sie geseit einfach nemmen mega cool aus an huet vill Features. Ausserdem kommen och do excellent Spiller eraus, dei eng ebensou excellent Grafik hun! An sie kennt vill mei frei eraus wei all dei aner, also kann ech een sech roueg eng XBox kaafen an dat huet een nach emmer genug Zeit fier op dei aner ze spueren! Zumols well d XBox wann se eraus kennt Grafech nach besser ass wei een PC, während et nach esou laang dauert bis dei aner eraus kommen, sou dass d PCen bis dohinner ophuelen (Epic huet ungekenescht, dass en se d Grafik vun UT 2007 fier den PC werten opbesseren nodeems d Spill fier d Ps3 kennt)

An wat fier eng fand dier am besten?




XBox 360 Preis

Nach des Joer soll d XBox 360 och hei an Europa eraus kommen, an et geseit ganz dono aus, wei wann d Fro nom Preis elo geleist wier. Zwar koum nach keng offiziel Bestätigung vun Microsoft, allerdengs huet keen aneren wei den J. Allard (Vize President) elo an engem Interview gesot dass d Konsol fier ron 300 $ ze kreien wert sin! Dat sin emgerechent 240

€ woubei een 1er mat engem Preis vun 250 € muss rechnen!

Ech perseinlech fannen dat een korekten Preis. Wann een bedengt, dass d PSP och esou vill kascht, an nemmen 2-3 Meint mei frei kennt, denken ech mer mol, dass vill Leid sech dann dach awer 1er eng XBox 360 werten kaafen!




Re: Next Generation Konsolen

hey ... keefs de dar dann lo X box 360 ???


Re: Next Generation Konsolen

Hey... nach nie eppes vun Maneieren heieren?  Dat freet een mei frendlech!

An ech kann elo nach net secher soen op ech mer se kaafen! Vum Preis ass et mer net zevill, mee muss emol ofwarden wat fier Spiller zum Release ungekenscht gin, an wei laang et nach dauert, bis den "Revolution" eraus kennt!

Mee et reitzt mech schon zimlech




Re: Next Generation Konsolen

Ech kaafen mir PS3,dei iwwertrefft einfach die aaner Konsoulen obwuel den Revolution mat senger Neon Lutt net schlecht ausgeseit.

http://www.buisness-ventile.hot.lu
http://www.buisness-ventile.hot.lu
http://www.buisness-ventile.hot.lu
http://www.buisness-ventile.hot.lu
http://www.buisness-ventile.hot.lu
http://www.buisness-ventile.hot.lu
http://www.buisness-ventile.hot.lu
http://www.buisness-ventile.hot.lu

Next Generation: X-Box360

Am Internet sin (ganz beis) Gerüchter rem gangen, dass d X-Box 360 awer erreischt 2006 eraus kennt. Dat wär blöd well do och schon d PS3 an och irgenwann eng keier den Revolution soll kommen. Ausserdem hun sech schon vill Leid drob gefreet d X-Box nach des Joer ze kreien, sou wei ennert anerem ech och! Mee Microsoft huet elo een offizielt Statement ofgin:

"Wir haben auf der E3 angekündigt, dass die Xbox 360 in Nord Amerika, Europa und Japan während der Weihnachtszeit 2005 launchen wird, und wir sind immer noch im Zeitplan für den Launch in diesen Territorien."

Ausserdem get d Konsol mat 100 Minuten Filmmateial ausgeliwert. Nierft engem 23 minütegen Video iwer nei Spiller fier d X-Box 360, sin nach Traileren an Musikclips dobei.




Offizielen xbox 360 Preis

No villen spekulatiounen huet Microsoft haut op der Games Convention den offizielen Preis vun der Xbox 360 fier Europa bekannt gin. Sou soll nach virun Kreschtdaag, d Konsol an 2 Versiounen op den Maart kommen.

Standard Versioun:

keng 20 GB - Festplatt1 Controller mat KabelStandars AVI Kabel

Preis: 299 Euro

Premium Edition:

20 GB - Festplatt1 kabellosen ControllerHDAV - KabelEng Xbox Live Silver Mitgliedschaft, inklusiv Headsetzeit begrenzten Fernbedienung

Preis: 399 Euro

An den USA soll d Konsol genau souvill kaschten allerdengs an US-Dollar




Re: Next Generation Konsolen

Ech wees et net esou richteg op een eng X-box brauch ! OK am fong brauch een keng Konsole ! mee bon ! op der X-box gin et elo net esou vill exclusiv spiller ? oder emol keng dei mir anfaalen ! mee reitzen geing et schon !  hmmm looosen mer eis iwerraschen ! an dann emol kucken !



Re: Next Generation Konsolen

Muss der Recht gin dass d Xbox elo net grad vill exclusiv Spiller huet (ausser vlait Halo). Mee ofgesin vun Nintendo gin sech Xbox an Playstation net weit aus dem Wee mat den Spiller. An Spiller wei GTA, Need for Speed asw. kommen fier dei 2 eraus, an Schlussendlech kennt et emmer op dat selwecht eraus. Mee muss awer soen, dass mech d Xbox 360 richteg reitzt, zumols well se schon Enn des Joers eraus kennt an net irgendwann 2006 an außerdem puer richteg cool Sachen unbid (an niewenbei stylech ausgeseit!)




Re: Next Generation Konsolen

Hmmm do muss ech awer d'PlayStation verteidegen ! OK d'spiller kommen och irgendwann fir den PC eraus mee ! wei GTA kennt awer meschtens oder OFT als 1 op der PS eraus ! an OK den HALO op der X-box ass net schlecht, mee Gran turismo, an Metal gear sinn awer Reel geigener !  dei nei X-box  reitzt taatsächlech, den desogn ass TOP, mee ech waarden emol of weieng Spiller sie Opweises huet ! well just weinst HAlO menegn sinn mer dei suen awer net wärt, an ech hun jo 2 PS2  ...