Stickman - Forum - Games

Next Generation Konsolen

Re: Next Generation Konsolen

Ok GTA kennt fier Playstation mei frei eraus, an ob der Xbox get et och keen Gran Turismo oder Metal Gear, mee dofier aner Spiller an deem Stil (zb Gotham Racing = Grann Turismo). Ech geif soen, dat ganzt gleicht sech zimlech aus. An wanns de d leschten vun den Spiller fier d Xbox 360 kucks, dannn geseit een dass do puer wirklech cool Spiller kommen! GIGA//Games send jo am Moment vun der Games Convention an sin do schon puer cool Spiller gewisen.

Ausserden huet d Xbox 360 nach lauter cool Features sou kann een jo zb. sein iPod oder seng PSP unschleissen an sachen austauschen asw... . Bei "Test Drive Unlimited" kann een anscheinend sein iPod unschleissen an dann als Autoradio benotzen!

Mee et dauert jo nach en bessen bis se raus kennt, also nach genug Zeit fier ze iwerleen. Elo kennt jo mol nach d PSP eraus




Xbox 360 Release Datum

Microsoft huet elo den Release Datum fier d Xbox 360 offiziel bestätegt.

Sou soll dei nei Konsol ab dem 2.12.2005 an ganz Europa ze kreien sin. An Japan kennt d Konsol erreicht den 10.12.2005, an der USA awer schon den 22.11.2005. Mee mengen net dass dei puer Deeg elo een groussen Ennnerscheed machen.




Revolution Controller !

Et ass esou weit! Nintendo huet elo den Kontroller fier den Nintendo "Revolution" fiergestallt. An en ass wirklech revolutionär gin!

Ausgesin:
Den Controller geseit un sech aus wei eng ganz normal Fernbedienung, mat just en puer Knäppecher engem Steierkreiz an den bekannten A+B Buttons. Standard Farw ass weiss, allerdengs soll et en herno och nach an allen meiglechen Farern gin.

Wat kann en?
Mat der Helef vun zwee Sensoren dei lenks an riets vum Fernseher opgebaut gin, kennen all Bewegungen dei een mat der Hand (an den Controller) mecht genau um Bildschirm emgesat gin. Dobei erkennt den Controller zuguer fier, hannen, lenks, riets, rob, rof, sou wei Kippbewegungen.

An wat brengt dat?
Dei besten Meiglechkeet dat eraus ze fannen ass sech einfach den Teaser video unzegkucken. Mee un sech macht der alles genau sou wei an der Realiteit och. Wann der mam Schwert kämpft dann kämpft der mam Kontroller. Geseit vielleicht um Unfank en bessen komech ass, soll sech awer enorm gudd spillen lossen.

Ech kann nemmen unroden sech den Video unzekucken!!! Deen weist am besten wat alles meiglech soll sin! Ech sin mei wei gespannt op den Controller. D Revoultioun kann kommen!

Et get nach vill iwert den neien Controller ze erzielen. Een ganzen Artikel fann der ennert desem Link hei: IGN Artikel

Update: d Videoen sin elo richteg verlinkt

Re: Next Generation Konsolen

also ech fannen daat do egalwaat ! wei soll een domader een ordentlecht racingspill spillen ?? oder een ego-shooter ?? mee nitendo wert jo sowiesou nemmen rem "supermario 26" - "mariotennis 38"- "mariogolf 29" - "mario party 99" - "mariokart 3852" usw rausbrengen ! daat mam schwertkämpfen klengt usatzweis interessant mee mei och net! mee den recht waat een do am video geseit kann een vorgiesen .... uhh do dirigeiert 2 boomen mat dem controller .... wow daat huet welt gebraucht !

voll dei "revolution" !! get 100pro een flopp ... ausser bei den japanner ... dei kaafen sowiesou all kack wou nitendo dropsteet (an nach pur leit ausserhalb vun japan)!

Re: Next Generation Konsolen

nitendo soll sech leiwer mol a nei an besser spiller investeieren wei an so een controller! well et as jo ganz einfach !! -> sie entweckelen een neien controller an recyceln hier aal mario spiller dei sech dann dank dem neien controller anescht spillen loosen !! wow daat as "revolution" ! dei wessen wei een den leit fir daat selwecht spill e puer mol geld aus dar tesch zeihen kann ! amen

Re: Next Generation Konsolen

Tja ech kann der leider guer net Recht gin. Ech fannen dat heiten emol eng richteg gudd Idee. An Nintendo brengt zwar vlait emmer dei "selwecht" Spiller eraus, mee sin trotzdem emmer nei. Well se sech emmer eppes neies anfallen lossen. Net sou wei all dei aner Konsolen, dei weiderhin hier Controller esou bauen, wei se schon virun 10 Joer gemach goufen.

An ausserdem soll den Controller sech och ganz gudd fier Ego-shooter an Rennspiller egenen!

Mee eng Fro: Wanns de hei emmer alles iwer Nintendo kritiseiers dann schreif emol hei hin, was du esou gudd Fenns, an wat deng Lieblingsspiller sin




Re: Next Generation Konsolen

ok, also hei meng lieblingsspiller ->

Metal Gear Solid : The Twin Snakes (GC Remake vum MGS1)
Metal Gear Solid 2 : Sons of Liberty (ps2/xbox/pc)
Metal Gear Solid 1 (PSone)
Metal Gear Solid 3 : Snake Eater (ps2)
Counter Strike (PC)
Half Life 2 (PC)
World of Warcraft (PC)
Dead or Alive 3 (xbox)
Projekt Gotham Racing 2 (xbox)
10. Call of Duty (PC)
11. Far Cry (PC)
12. Vietcong (PC)
13. Halo (xbox)
14. Medal of Honor: Allied Assault (PC)
15. GTA Vice City (PC)
16. Gran Turisimo 2 (PSone)

wei een geseit sin ech een groussen fan vun der mgs serie, well ech vill wert op eng gudd story an engem spill leen! an nenn mar mol een nitendo spill wou eng grousartech story dran as?? (komm lo net mat supermario oder sou epes)

Re: Next Generation Konsolen

merde lo hun ech nach een vun mengen top spiller vorgies .... Max Payne 1 an 2 (PC) !! daat gif direkt no Counter Stirke kommen!

Re: Next Generation Konsolen

MAJA

Also ech muss jo soen dass wann een den Teaser Video gekuckt huet dass et engem dann vill mei liicht fällt driwer ze uerteelen! An ech muss soen dass ech wirklech elo mei iwerzeegt sinn wei firdunn et ass wirklech eng gudd an virun allem eng inovatif idee ... Respekt an den Design ass nach ewell och net deen schlechsten.

Maja do kann een sech daat jo ach iwerleen op een et keeft oder net ! mee ech geing schon mengen an daat alles weinst engem Teaser Video ! Tjo och een Sony freak ass em ze stemmen mee awer nach emmer "PSP addict"


Re: Next Generation Konsolen

Also ech geif soen, dass Innovatioun dat eenzegt ass, wat Nintendo retten kann. Wann se elo erem eng Konsol ala Playstation oder Xbox eraus bruecht hätten, mengen ech net, dass se vill Chancen gehat hätten. Zumols well se jo schon gesot hun, dass Nintendo bei der neier Generatioun net esou op Grafik well setzen wei dei aner.

Ausserden ass Nintendo awer sou schlau, nach entweder eng Kontroller-Erweiterung oder een 2en standard Kontroller eraus ze brengen, fier dass een awer och Spiller vun aneren Konsolen kann iwerhuelen (NfS asw.). Och d Gamecube Spiller dei mam "Revolution" meiglech sin ze spillen, mussen sech jo baal irgendwei steieren lossen.