Stickman - Forum - Games

PSP vs. N-DS

Re: PSP vs. N-DS

Oh nee!!!
PSP kennt lo och nach am Abrell oder nach mei speit!!!
Ech sin vun Sony entäuscht,iwerleeen mir schon een DS ze kaffen.
@michl3
Europa Preiser sin normalerweis sou wiesou mei deier,Spiller wärten wuel sou 40 Euro an Europa kaschten.
Wirwat emmer mir Europäer,tztztztz... Sony,sou versaut dir iech Kunden.

Komm op playstation.de/fr/com an d'Forum oder besicht meng Hp:
www.eastpak_13.party.lu Eddi

Re: PSP vs. N-DS

Tja mir arm Europäer hun et zwar emmer schweier mee dofier profiteieren mir beim DS!!!

Mir kreien hei eng verbessert Versioun, an der nach en puer Fehler an Bugs behuewen goufen, fier dei se an Japan an USA keng Zeit mei hatten!!!
An außerdem sin mir dei 1en dei den DS och kennen am schwarzen kaafen!!! Wees zwar elo net mei op deen och schon zum Release ze kreien ass, mee een kennt secher als 1en an Europa eraus!

Dat fannen ech emol deck gudd!!!

Re: PSP vs. N-DS

Paperlalapap dann bestelt enn PSP eben an den States


Re: PSP vs. N-DS

Ass den PSP dann universal? also kann ech herno dei Spiller hei kaafen an awer drob spillen??? den Lloyd an ech hun ons dat schon gefrot!

den DS ass universal, souvill wees ech!

Re: PSP vs. N-DS

Gudd Froe , et misst een wessen ob et d'Spiller och an NTSC an PAL get soss wann D'Amien eng NTSC versioun hun muss enn natiirlech d'SPiller och an den States bestellen


Re: PSP vs. N-DS

Daat geif mech wei egsodt och nachewel zimlech stark interesseieren!? op den PSP aslo d'spiller universaal sinn. Well soss keint een sech jo wirklech een bestellen . Well beim PSP ass et net esou interessant well deen kent souwisou jo glaich hei eraus.

An dann hun ech mer geduecht fir dei ganz weineg dei nach net wessen wei den PSP ausgesait - oder fir dei wou flait den Design entschedent ass dei kenn sech jo hei d'bild unkucken. Also ech fannen den PSP nach emmer irgendwei mei BESSER GUT

Re: PSP vs. N-DS

Also Froggy!!!

Wanns de schon eng Photo wells bei dein Artikel setzen, fier en bessen Reklamm ze machen, dann huel weingstens dei aktuell Versioun vum PSP!!!!!!!!!!

An net irgend een Prototyp vun Anno 2004.

Mee ech sin jo net esou an hun dofier een Bild vum richtegen PSP dobei gesat!

Re: PSP vs. N-DS

Also Sassi ...

Ech wees wei en ausgesait an ech mengen ech haat wirklech keng loscht nach laang an Net- ze siichen! dun hun ech einfach dei eischt bescht bei google geholl.
An ech hun emol bessen gesiicht am FORUM vun giga.de iwert eis fro? op den PSP dan elo Kompatibel wär. An eraus fondt hun ech just dass am Moment keen et esou Richteg wees, an se just do all vermutungen opstellen. mee dei interesseieren mech net! Dann steet nach do dat SONY net very amused driwer sinn dass d'leit esou vill PSP importeieren an dass se schon divers auktiounen bei ebay gestopt hun komesch. Sie brauchen sech jo awer net ze woneren dass d'europäer och PSP spillen wellen. Well sie verschieben den Termin jo emmer erem.
Mee bon falls ech eng keier mei driwer wees! an zwar eppes wou ech mer och secher sinn dass et stemmt dann mellen ech mech dann erem hei. bis dann ... ech hun jo nach een mount zait mer ze iwerleen op ech mer een US-import matbrengen oder net !

Re: PSP vs. N-DS

Oder villeicht och zwou


Re: PSP vs. N-DS

Et wees een et net mee mengen esou vill plaatz misst een nach hun