Stickman - Forum - Games

PSP vs. N-DS

Re: PSP vs. N-DS

Natierlech leid dat nemmen un Sony
An natierlech sin bis elo all Datumer nemmen Gerüchter. Mee du heiers och op villen Platzen, dass et September keint gin, bis et esou weit ass (wann een bedengt dann geet d Schoul schon erem un)

Ech kann nemmen frou driwer sin , well sou kaafen sech mei Leid deen GRANDIOSEN DS, an daat heescht mei Leid fier den Multiplayer

Ajo an nach vill Gleck mat dengem Forum, mee mach eis net ze vill Konkurenz


Re: PSP vs. N-DS

Ech hun mat der PSP gespillt ! mega gail - wirklech, d'luede zeiten sinn zwar wirklech e bessi laang mee egal deen extra grussen an mega coolen schierm mecht alle nees gudd! sie lait tip top an der hand. An design ass einfach schein. Also bei mir perseinlech ass en nintendo ds ofgeschriwen! An ech freen mech wan PSP eraus kent egal wei laang et dauert...

Wirklech mega.

Re: PSP vs. N-DS

Hmmmm eng keier nodenken!

Den Lloyd huet gester mam PSP gespillt, an do freet een sech wou?!
Mee mengen ech wees wous de wars. Kann dat sin dass dei Persoun wou ech mengen och an eiser Lenkert lescht zimlech uewen ass?
An wann et esou ass, wonnert et mech net, dass de nach keen do kouns kaafen. Ok den PSP ass zwar nach net eraus mee wei wann dat en Grond fier deen wier! Steet eben sein Assistent erem puer deeg mat Narben am Gesicht erem

An wat fier een Spill hues de dann getest? Mech geif den PSP nämlech nemmen reitzen fier GTA an Rennspiller!


Re: PSP vs. N-DS

Bei engem zimlech interessanten Interview mam Vizepresident vun Nintendo sin en puer nei Informatiounen eraus komm.

-Den NDS an den GB Revolution sollen nach Enn des Joers kennen online goen, fier geint anner Leid ze spillen.

-Den NDS soll anscheinend mat den Momentanen Spiller nemmen 30% vun sengem Potenzial ausnotzen, an Nintendo schaft elo mat den entweckler zesummen fier en an zukunft komplett auszereitzen!!!

Fier den recht kuckt iech einfach den Text op http://www.planetds.de/index.php?page=newsdetails&datum=1110715493 un.


Re: PSP vs. N-DS

Hun emol eng Fro un d'Spezialisten :

Kennt eng verbessert Versioun vun der DS eraus ????
Eng inisder-info vun engem Vendeur vum Hifi....kann een dat glewen ?


Re: PSP vs. N-DS

Mengs de elo hei an Europa zum Launch, oder dass an Zukunft eng verbessert Versioun eraus kennt?

Well fier den DS an Europa goufen just en puer Bugs behuewen an d Standby Funktion angebaut (et kann een den DS pauseieren, zouklappen, an herno genau do erem weider maan, wou een obgehal huet.)

An an Zukunft ass sos naischt geplankt, ausser nei Farwen (get awer warscheinlech mindestens Summer bis dei hei eraus kommen.)


Re: PSP vs. N-DS

Anscheinend soll glaisch eng verbessert Versiuon (mei schnell) ob den Maart kommen. Den Vendeur soot zu deier Persoun hien soll sech nach gedellechen....an net dess 'DS' kaafen


Re: PSP vs. N-DS

hmm dovuner hun ech awer nach naischt heiern, an ech hun mech vill iwert den DS informeiert. Onmeiglech wär et net, mee wei gesot ech hun emol nach keng Gerüchter dovunner heieren.

An wann dat am Hifi war kann ech mer nemmen denken, dass den Vendeur do un den PSP geduecht huet, an gemengt huet den PSP wier eng verbessert versioun vum DS (wat awer net den Fall ass )


Re: PSP vs. N-DS

Jo do ginn ech der Recht , daat hun och direkt geduecht daat den Vendeur vun der PSP geschwaat huert an keng Ahnung huert...


Re: PSP vs. N-DS

Sony huet haut offiziel gesot, dass den PSP sech em en puer Meint verspeiden wärt. En offizielen Release Datum gouf awer nach net genannt. Allerdings deiten vill Zeechen op den Juni hin.

hei den Link zur News:
http://playstationportable.gamin g...e/news/287.html


Domm gang kann ech nemmen soen. Ech hun mein DS schon an brauch keng PSP mei well den DS einfach nemmen geil ass.