Stickman - Forum - Online Fundgrube

Online Fundgrube

mei grouß mei belleg?

Grondsetzlech geet een jo dovunner aus, dass wann een dat gleicht Produkt an enger greisserer Packung keeft et och mei beleg ass. Den ganz einfachen Prinzip vum "Mengenrabat". Dass dat awer net emmer den Fall ass huet elo eng Studie bewisen. Dohanert stecht eng ganz einfach Strategie vum Handel. D Leid gin einfach dovunner aus dass wann se zb. eng Packung vun 50 CD Rohlinger kaafen dei pro CD mei beleg ass wei eng vun 10 CD Rohlinger, an doweinst vergleichen se d Preiser net. Dovunner proviteieren d Firmen an machen die grouss Packung mei deier. Do kann alt mol bis 20% zesummen kommen.

Also an Zukunft d Preiser vergleichen an vielleicht leiwer 2 kleng Packungen kaafen wei eng grouss.

"Philosoph des Jahrzehnts"

Bei enger Emfro an der britischer Ausgab vun Men's Health em dei bedeitesten Männer vun den leschten 10 Joer ass ennert anerem den Homer Simpson zum "Philosoph des Jahrzehnts" gewielt gin.

Morgan Rees, Redaktuer:" Homer lehrte eine ganze Generation wie man mit den Herausforderungen als moderner Vater umgeht und mit ihnen fertig wird, wenn auch nicht immer ganz ehrenvoll "

Hei dei komplett Top 10:

- Philosoph: Homer Simpson
- Aktivist: Bob Geldof
- Sportler: Lance Armstrong
- Musiker: Damon Albarn
- Manager: Sven-Goran Eriksson
- Visionär: Jonathan Ive
- Designer: Sir Paul Smith
- Schriftsteller: Ian McEwan
- Wissenschaftler: Craig Venter
- Koch: Jamie Oliver




Re: Online Fundgrube

Hansacanyon

Dei Firma Hansa huet elo een neien Krunn fiergestallt, deen net nemmen stylech ausgeseit, mee och je nodem wei Warm d Wasser ass d Farw vum Wasser änert. Mat engem Sensor get d Temperatur vum Wasser gemoss an wann d Wasser kaal ass liicht eng Blo LED an bei warmen Wasser eng roud LED. An well Wasser d Liicht weiderleed, entsteet een coolen Effekt.

Mei Biller hei: more Pics




Re: mei grouß mei belleg?

Moijn moll erem.

Majo ech soutz enges Mettes hei op mengem Computer zu Köln an ech hun mer fest firgeholl gehaat fir geint 3 auer an Staadt ze goen! mee dun huet irgendeen wou ech den Numm hei elo jo net nennen well . . . mir eng Foto gescheckt wou sech dei ganz Welt schon wochen laang den Kapp driwer zerbrecht. JO dei foto ass vun VIRGIN RECORDS an sie soll ongefeier 72 Nimm vun Bands beihalten!
Als Beispil Guns and Roses fir lenks.

Maja dun war et eriwer mam an Staadt goen an dun sinn ech ereicht fir 18:00 Auer gaangen gudd dass hei zu Köln d´Geschefter bis 20:00 auer op sinn!

Jo jo dir kennt ierch d´foto jo emol unkucken an e bessen mat roden mir hun dei eng oder aaner schon eraus fondt! Ajo daat ganzt ass een Gewenspill mee wei een do mat maachen kann do kann den Mich3l ierch bestemmt besser weider hellefen. ciao


Make a flake

Hei een Link zu enger cooler Flashanimatioun mat der een seng eegen Schneiflack kann "entwerfen".

Link: Make a flake




Re: Online Fundgrube

En offizielen Trailer oder irgendwelch aner offiziel Biller gin et nach net vum neien "Fast and Furious 3 - Tokio Drift". Allerdings gin et heemlech gemachen Photoen vum Parking wou d Autoen fier den Film stin. Schon ellen wann een en puer genau identesch Nissan 350Z geseit, dei nemmen dofier do sin, am film geschrott ze gin.

Spypics vun "Fast and Furious 3"