Stickman - Forum - Themen

Team Stickman.lu

Team Stickman.lu

Nodeems mer zu Uesweiler just laanscht d'Halef-Final geschrammt sin, probeieren mer et en Freiden, den 15 Dezember 2006 zu Mertzeg um Nuetsturneier.

Anscheinend sollen och Fotographen vun Stickman do präsent sin.

Ech richten mech lo un den Tobi: Wei gett do gespillt, matt 4 Leit am Feld + Golkeeper oder zu 5 + GK? Daat wiren der e bessi vill..

Eis Opstellung bis elo:

-----Denis-----

-Luc----Laurent-

-----Ewen-----

------Bob-----

Oder gin et nach aaner virschleih?

Dess weideren kennen mir vlait matt dessen Sportler rechen:

Leo 1 an Leo 2 ??

De Camille vun Lenster?

Sain Brudder?

E Kolleeg vum Denis, deen awer net an engem Verein spillt??

Ween kennt der nach, fir datt mer den "Fliegender-Wechsel" kennen perfekt maan?

Re: Team Stickman.lu

Mir lungeren ze 4 am Terrain, an 1 deen hannen teschend den Pfosten steet.

bis lo geet et mat leit duer, mir hun och nach keng weider zousoen kritt.

Eis Obstellung as einfach, firun allem laafen:

                                                    Denis

                            Luc                                         Laurent

                           

                            Christian                                  Bob

Well d'haal sou kleng as muss gelaaf gin. an hoffentlech kennt een vun eisen Auftragsgeber Fotoen maan, soss huet daat ganzt jo keen senn.




Re: Team Stickman.lu

Top Tobi,

Kruet och graad eng Stonn accordeiert vun mengem Chef fir eischter kennen ze goen. Soss packen ech et net fir um 18.00 zu Merzeg ze sin.

Den Denis ass schon warm, hien sot hien geiff nemmen ennert enger Bedengung mattspillen: Datt mer all Match gewannen an den Geigner vum Terrain katapuleieren.

Den Laurent sot en geiff sech den Nowend och hei zu Wuert mellen, vlait hun mer dann den Camille op eiser Seit.

Den Leo huet oofgesot, daat Geschwester-Puer fällt also weg.

Mir brauchen nach 2 Kämfer dei ass Farwen vertrieden, soss gett et ellen enk.

Hoffen op besser Nouvellen...!

Re: Team Stickman.lu

 Lo kennen mech och glaich ob eist PP Team bauen, den B? an ech sin jo lo schon seit 2 Wochen am Training.

B? den owend um 19.15 an der Haal, an fir all dei dei sech dem Official Stickman.lu PP Team wellen unschleissen gellt och den owend um 19.15.

Den Owend kucken mir dann ween präsent as, an deen sech eis well unschleissen. Ech hoffen ob deser Platz dass sech vill Memberen waerten mellen, an dass dir den Owend och zahlreich erschengt.

Bis den Owend dann um 19.15 ze lenster an der aaler Sporthaal. 




Re: Team Stickman.lu

Kloer PP den Nowend, mee mengen mir 2 sin dei eenzeg dei do optauchen.

Zum Freiden:

Ween vun ierch Fotographen kennt eigentlech? Oder kommt der allen zwee? Kommen och groupies?

Um Site vum Club des Jeunes vun Irpeldeng sin och schon Kommentaren iwwert den Nuetsturneier ze fannen, gett vlait mei eng grouss Saach wei ech mer daat erwaart hun. Si bezeechenen et als Juxturneier fir all Equipen...

Re: Team Stickman.lu

Ma zum thema...  ech kommen secher net den Nowend op den PP ... mee an nächster zukunft posten ech eppes just fir ierch 2 een kleng Filmchen, trailer. An den nowend sin ech leider okupeiert sin! Fir op d'entfert ze entferten, ech wollt kommen mei speit am owend geint 8 doremmer oder esou. Mol kucken den Mich wollt awer och kommen mengen ech ?
sin mer awer nemmei ganz secher. 

Re: Team Stickman.lu

Salut Männer

Hei ass eer Nummer 3, den Ofwirchef.

Hun dem Camille den Owend ugeruf an hien ass nach net op sain Handy ganen, jiddereen deen den Camille kennt, wees eben ewei hien ass.

Ech gin mech awer net mat telephoneieren. Vlait spillt jo dan och den U17 Nationalstirmer mat, ween wees, en war jidderfalls rosen, dass ech hien net gefrot hun, fir mat op Uesweller.

Fanen d Opstellung gudd sou, daat misst schon sou klappen

An Photograpfen mussen present sin, well ewei den Dieter schon seet, soss dei ganz Sach keen sen huet.

Mir hun schon batter Pellen missten schlucken vun relatif villen Ofsoen, dei mir elo mussen kompenseieren.
Ech schwetzen vun Leit ewei den Lex, deen et vir mei wichteg hellt, fir doheem ze setzen an un sengen Zeiwen ze spillen.
Den Linster (CHANCENTOT), den awer excuseiert ass, weinst der Uni.
Den Reuter, deen leiwer mat Kollegen erausgeet, ewei mam Stickman.lu Team ze spillen.
Oder eisen Heijen, deen mol net am Stand ass, fir eng SMS zereckschreiwen.
Oder den Leo, deen leiwer Köln-Lautern kucken geet bei en Kollege, mee vlait awer herno ennert den Zuschauer setzt an eis wärt ufeieren.

Mee do kann een naicht maan, je daat sin Leit, dei an d Zukunft mei ewei secher op der Touche wärten Plaatz anhuelen, mat Ausnahm vum CHANCENTOT.

An ech gouf gefrot vir den 7.Januar an der Minette een Tournoi do matzespillen. plus meng Equipe.
Muss mech awer do nach genau Informeieren.

Bis glaich, ciao

Laurent

Re: Team Stickman.lu

Dann mellen ech mech alt och emol zum Thema.
Also ech geif schon mengen dass ech och dobei sin fier Photoen ze machen, oder einfach nemmen unzefeieren. Wann schon een ennert onsem Numm spillt, ouni dass se dofier Suen kreien, ass dat jo baal dat mansten waat een kann machen

An fier dass jidereen geseit dass Stickman.lu den Mester ass, trieden ech ( an vlait och den Lloyd) och mat stickman.lu t-shirt op, fier dass alles den richtegen Look huet

Dier macht dat schon!!!



Re: Team Stickman.lu

Top Männer sou well ech daat heieren.

Zum T-Shirt: Hun deen geschter vum Tobi kritt an muss soen: All Respekt! Wonnerschein daat dengens.

Also wann et schouleg bei ierch net mei sollt hinhaan, dann gidd einfach an d'Kleederwelt eriwwer. E scheinen T-Shirt kann een emmer gebrauchen.

Weider esou. An wann eis Equipe lo matt Fussball spillen berühmt gett, dann kennt der T-Shirt'en un engem Stand während dem Match verkaafen. Oder un den Team Stickman Supporter Club... Mir gin nach all reich, ech gesin et kommen!

Gruppefoto

Wann d'Stickies sech vun der Couch gehof kreien, dann kennen mer och eis eischt offiziel Gruppefoto mat den neien Trikoten maan.

Vlait iwwerzeegen mir jo ob deem tournoi, an mir kreien nach een 'Sponsor' fir ob den trikot, deen eis och weinstens e Su gett, oder een deen eis souguer nei trikoten fir 2007 finanzeiert. Et wees een jo ni .... .