Stickman - Forum - Themen

Team Stickman.lu

Official Stickman Member -> Fussbal

Majo zum thema fussball, ech maan mein bescht fir den beitrag haut drop ze setzen. Et wärt awer emmer hin eischter den nowend mei speit gin well ech mech elo op den wee op Köln maan. An dann dohannen ronderem laafen bis den nowend wou mer an den Rest. gin... Dofir kennt den text emol secher den nowend an mat den fotoen mussen me nach als eischt am Stickman Consortium entscheeden wei eng vun deenen gudden fotoen mer huelen. Ech oder mir man eist bescht, elo ass et jo dann un eis TOP jongen weider esou dir erstaunt. Daat geschter war secher just fir matleed ze eregen an dun wou mir fort waaren ass et ab gaangen ne.  bis nächsten weekend vun menger seit aus....

an nach eng keier Konstant gesteigert TOP


Zesummefaassung Plaatz 6

Ech sin gebrach, mee hei ass meng Zesummefaassung:

1.Match: Nervös wei Sau, geint eng Junior Equipe keng Chance, dei waren ze stark: 0-1 verluer

2. Match: Nach eng Keier geint eng Equipe aus dem Norden, nix ze maan: 0-2 verluer

3. Match: Mir hun geint een deitlech ennerleenen Geigner gespillt, konnten eis Chancen awer net notzen. Et ass no regulärer Spillzeit (0-0) an d' 6-Meter-Schéissen gaang.
1 Schoss Christian: secher verwandelt
Geigner schéisst: Denis hällt!!
2 Schoss Laurent: leider nemmen d'Laatekreiz, weider 1-0
Geigner schéisst: Gol, Spillstand 1-1
3 Schoss: War ech selwer, zum Gléck secher vewandelt

Geigner schéisst: Gol, Spillstand 2-2
4 Schoss: Ganz wichteg an wonnerbar verwandelt den Luc zum 3-2
Geigner schéisst: Denis hällt erem! Mir stin an der Halef-Final vum Pot 3

1 Stonn Paus...

4. Match: Halef-Final oder och bekannt enner: Die Wende

Mir hun geint eng Escher Equipe gespillt. Schon verreckt vun wou d'Leit op Mertzeg komm sin...
No engem decken Patzer vum Luc sin mer no 3 Minuten an Reckstand geroden. Mee daat konnt eis net schocken. D'Leit op den Tribünen hun ab deem Moment eng Equipe erliewt dei se bis elo nach net kannt huet: Team Stickman.lu huet schein Kombineiert, de Ball ass proper teschend den Uspillstationen gelaaf. Mir haaten eis fonnt: No engem Konter gouf et Gerangel firum geignereschen Gol, irgendswei duerch en Oofpraller ass den Ball am Netz geland, keen wosst wei et gaang war: 1-1
D'Emotionen hun sech iwwerschloen, et war eisen eischten Regulären Gol! Lo ass den Ball nach mei secher an eisen Reihen gelaaf. Nodeems ech mech duerch 2 Mann konnt duerchsetzen an alleng op deen erausstiermenden Golkeeper gelaaf sin konnt ech hien och nach iwwerwannen an matt engem scheinen Schoss an den laangen Eck verwandelen: Mir sin 2-1 a feierung gaang!
Mee daat ass eis net dur gaang: Den Luc verwandelt matt engem scheinen Flaachschoss aus halef-lenker Position zum 3-1!
Nachemmer net genuch: No enger scheiner Duebelpass mam Luc konnt hien sech geint den GolKeeper duerchsetzen an nach eng Keier queesch op mech zereckleen wou ech aus staark abseitsverdächteger Position zum 4-1 Endstand getraff hun! Schlusspaff! Erleechterung! Freed! An verschidden Leit aus dem Kanton Grevenmaacher waren giel vun Neid datt mir an der Final stoumen an si net!

Leschten Match, Final vum Pot 3, 1.45 Auer!

Deen Match huet 10 Minuten gedauert an mir hun trotz zich Zerrungen, Prellungen an Muskelkrämp gekämpft wei wann et geiff em d'Meeschterschaft goen. Mee et hätt net sollen sin: No enem Aschoss koum ech een Schratt ze speit an den Geigner konnt matt engem scheien platzeierten a festen Schoss zum 1-0 treffen. Den Denis haat keng Chance deen Ball ze haalen. Et waren dunn nach just 3 Minuten ze spillen, an opschon mer alles no fir geheit hun konnten mer den Match net mei dreihen. Den Luc haat den Poto getraff an mir sin 3 mol knapp um 1-1 laanschtgeschrammt. Mee et sollt net sin.
Mir waren net enttäuscht nom Schlusspaff, eischter stolz an frouh iwwert eis sechsten Plaatz.

Et gouff nach eng Preisiwwerreechung wou d'Equipen 1-6 e Preis krueten. Mir woren dobei! D'Foto vum Preis kennt nach no.

Fazit:

En decken Merci un eis Equipe dei schein gekämpft huet an alles gin huet an Stickman.lu schein vertrueden huet. Mir haaten dei scheinsten Triko'en an waren stolz fir Stickman.lu kennen opzelaafen
En decken Merci un all dei, dei eis ennerstetzen.

Bob,
16. Dezember 2006 13.18 Auer (een Daag nom Wonner vun Mertzeg)

Top o.T.




Top

daat as een saugudden beitrag, deen mat vill emotiounen geschriwwen gin as.

do kann een schon baal nemmen soen, GROUSSEN JOURNALISMUS.

'know how' vum feinsten.   




Re: Official Stickman Member -> Fussbal

Wei eng mies stecker schaiss gin mir emmer punkten beim 'vote fir lenkert', hun well 7 steck, an daat as, fannen ech bessen iwwerdriww.

Ech machen dach alles fir ierch, fannen dass ech daat net verdengt hun dir IDIOTEN.

Un d'ADMINIS: huelt se weg, soss kennt eng plainte.




Re: Official Stickman Member -> Fussbal

[b]
Moien dir léif Lait alleguer déi desen Beitraach liesen

Ech kruut unt Härz geluet mech och zum fussballturnéier ze äusseren, also dann maan mir daat !
Den Text deen op der Ufankssait ze liesen as, muss ech soen as scho ganz gudd gelongen.
An deen wonnerbaren Text vum bob as wirklech mat Emotioun an Gefill geschriwen, sou wéi et sech fir en Schreftsteller gehéiert.

An lo eppes zu den Spiller:
Ech muss schonn soen, Respekt un eis Equipe !!
Mir sin ukomm, hun den Spiller an der haal nogekuckt, hei do, den Ronaldinio, hei do, den Ronaldo, alles Star'en. Sou hun se sech mool ugesin, sie hun sech waarmgemaach wéi d'profien. An mir hun eis bekuckt, an hun gelaacht.
Mir, alles Spiller vum FC. Schinnegebees 06, mir haaten schonn Zerrungen ier et ugaang as. Zwee stéck haaten en Platten an deem Aaneren séng Batterien aus dem Härzschrittmacher waren platt. Oh mam, waat fir een Start.

Mee bon, sou géint halwer 3, waren mer déi 6. Jo sou geet et am Liewen

An en ganz groussen merci un den Suppergoolkipper deen extra wéinst desem Turnoi op Letzebuerg komm as(en as Goolkipp vum 1. FC. Kaiserslautern), an deen sech warscheinlech net firt Lescht mat sou ènger Performance présentéiert huet. Merci Denis. Mir hun dech gär !!

Re: Official Stickman Member -> Fussbal

Merci Denis fir deen scheinen Beitrag.

Natiirlech wessen mer et ze schätzen wann eisen Golkeeper "extra" vun Kaiserslautern eroofkennt fir ze spillen  Mir hoffen natiirlech all datt mer beim nächsten Turneier erem op dech zielen kennen well mer jo selten sou een staarken Reckhalt haaten. Dofir: Daat nächst Turneier kennt secher an mir gin: emmer besser...!

Re: Official Stickman Member -> Fussbal

Ech muss zwar soen dass ech bessen enttäuscht sin, well d' Official Stickman.lu Team geschter den 1. PP obtrett ze lenster an der hall haat, an et war keen vun den administratoren do, fir daat ganzt ze fotodokumenteiren.

Den B? an den Tobi hun sech alt schon nees den Asch obgerappt fir gudd Leeschtungen ze brengen, mee daat waerd wuel ni ob des sait kommen.

Merci Stickman fir alles waat dir gescht fir eis gemacht hud, also ... naicht.

Top Jongen, hud sech lo schon aer ennerstetzung verabschiedet? 




Re: Official Stickman Member -> Fussbal

also ech fier mein Deel wost emol guet naicht vun engem PP Tournoi. Wann ech dat gewost hät, dann hät ech mer secher eppes anfallen gelos. Mee wann keen mier dat seet 

Re: Official Stickman Member -> Fussbal

Daat kraatzt jo keng Flo um Arsch... deen Ping Pong. An ech sin wirklech keen Amateur fir Sonndes Moijes um halwer 10 p ze stoen. Hätt der elo Fraen Wrestling oder Eiskonschtlaafen gemaach hätt ech meng Heff bestemmt op Lenster an d'Haal geschwongen.

Mee mir dencken emmer un ierch. (Ich hasse rote Ampel)