Stickman - Forum - Games

Next Generation Konsolen

No X-box 360

Nach gudd 2 Meint dauert et, bis d xbox 360 eraus kennt, an fier een deen se net fierbestallt huet geseit et schlecht aus! An Amerika sin elo schon all Konsolen fier den Release fort (also fierbestallt)!!! Microsoft probeiert elo schnellst meiglech mei Konsolen bereed ze stellen. Genau Daten iwer Europa sin net gewost, well een an villen Buteker bis elo nach guer net fierbestellen kount.

Hofen mer dass et net esou wei bei der PSP geet an d xbox 360 erreicht september 2007 kennt




Re: No X-box 360

Ma hei keng domm unspillungen kanns der se jo elo schon firbestellen ! dann kanns du dain KAPP an rou leen ! An ech mengen jo wouel net dass ech dir hei soen muss wou daat ass ! well dofir mecht een besser keng REKLAM

An just fir ze erwähnen dass daat awer baal bei all Konsole esou ass ... An esou guer bei SONY do stauns de ech waarden op PS3 an ewentuel get sech dann och nach den Nintendo Revolution kaaf! Mee bei der X-box gesait et wirklech net esou gudd aus!

Well esuguer den Snorri och nach Flecki bei eis gennannt am forum ! deen haat jo dei momentan X-box an deen soot dass et keen vum Hocker Rapt. Mee bon, dann schreiws du eis wei se ass. An der kennen mer eis nach emmer eng Nokaafen oder deng Occasioun wans du se schlecht fens ... NUECHT


Re: No X-box 360

Also bis elo hun ech jo net behaapt ech geif mer secher eng xbox 360 kaafen, ech hun just gesot sie wir wirklech gudd an absolut en Bleck wert. xbox 360 huet sech extrem weider entweckelt an guer net mei mat der momentaner xbox ze vergleichen. xbox 360 wert virun allem am Online Gaming Bereich den Niveau fier PS3 an Nrev heisch unsetzen. An wann een d Videoen vun zb. "PGR3" kuckt, ass d Grafik absolut mat der vun der PS3 ze vergleichen.

Ech denken dass dei 2 sech net weit aus dem Wee gin, an Nintendo topt souwiesou erem alles  




Re: Next Generation Konsolen

Keng 2 Meint mei dauert et bis d xbox 360 an den Geschäfter steet, an dofier ass elo een Video veröfentlecht gin, deen weisen soll wat fier schein Partikl Effekter vun der Konsol kennnen erechent gin. Heibei gouf d Physik-Engine vun Project Gotham Racing 3 (Rennspill) genotzt.

PGR3: Partikel Video




Re: Next Generation Konsolen

Vlait hutt der et jo schon matkrut: Seit Gester kann een d xbox 360 kaafen. Sin mol gespannt wei se unkommen wert, well den Preis vun 300€ (standard Versioun) oder 400€ (Premium Versioun) fiert d Konsol, an +/- 60€ pro Spill net grad weineg sin. An bis op eng besser Grafik huet d Konsol net vill neies geigeniwer zur xbox.

Also käft sech een vun iech d xbox 360 oder huet een se etwa schon? Wat fier Spiller fand der am besten?