Stickman - Forum - Games

PSP vs. N-DS

Re: PSP vs. N-DS

Ahhhh wuala den schaiss geet erem net !

Also eigentlech wollt ech froen. op net flait een weist! op wann een sech een PSP an den States keeft? op een dann een extrat lade gerät brauch!? well dei hun dohannen jo anner steckeren an nemmen 110v !

merci alt am firaus

Re: PSP vs. N-DS

An elo geet et erem - kann mir mol een erklären waat daat soll !

Also eigentlech hun ech eppes graad eraus fondt oder besser krut et gesodt !

ZITAT: wenn die us psp rauskommt, wird die japan psp auch günstiger........hol dir ne japan psp! denn: japan=selber ländercode wie deutschland...dann klappts auch mit den umd filmen.

An waat ech nach fondt hun !!!!!!!!!!!!!!!! also krut ech och gesodt ! ass wirklech een grondt driwer no ze dencken. WEIECH DEN SNOOPY-DOOPY KENNEN KANN HIEN NET WIDERSTOEN
An wann een se hei bestellt also PSP dann kritt een 1 strium emwandler dobai !


http://www.play-asia.com/

Hei kritt der PSP elo schon ze bestellen. an alles waat der wellt! dir kritt och schon den NINTENDO DS an spiller an alles an d'sait ass op daitsch ! just dat et eben ebessen dauert bis daat ganzt hei ass! mee bon awer nach eischter wei wann et hei eraus kennt!



FUN, ANYONE ?PSP

Re: PSP vs. N-DS

...moment.....hun ech hei eppes falsch verstanen

429 US dollar bei den Japsen fir een PSP Vaue PAck

Ech hunn geduecht dei geif em +- 250 Teuro kaschten.....

3x MEI DEIER wei eng DS

Also ech gleewen net daat een 'Stroumeemwandler' brauch...
Ech haat mein 'Garmin 3600' och an den States bestallt and den Lader kann een un 110/220V unschleissen , esou wei all Baartapparater et brauch een schusst den klenegen Opsaatz fir an d'Steckdous , deen kascht epur Cents....




http://www.play-asia.com/paOS-13-71-9e-70-ftq.html

do steet jo dat den AC Adpator 100-240V mescht....

Ok haat net alles gelies....

379US$ PSP + Ridge Racer wobei d'Spill 59US$ kascht , also 379 -59 = 320 US$
daat sinn ongefeier 240 Teuronen ouni transport

Re: PSP vs. N-DS

Hei een screenshot, wat sech nintendo ausgeduecht huet fier beim DS Rennspiller ze steiern! Mat den Fanger oder mam "Stylus" kann een dann ganz prezis sou steiern wei een well. Natierlech kann een och weider mam Steierkreiz steieren, mee dat ass bestemmt net sou witzeg!

Lost iech net vun der Grafik ofschrecken, well et ass just een screenshot! Ech hun d Spill bei GIGA schon an aktioun gesin, an muss soen, et geseit an bewegung en gudd steck besser aus!!!

Re: PSP vs. N-DS

Sou ech hun 2 Sachen fier iech!

1: Et dass dowert emol op d Seit vum Nintendo DS kucken ze goen (http://www.nintendods.com/) an dann do ennert /Touch DS/ Featured Ganes/ sech emol puer spiller unzekucken. Nieft infoen an screenshots zu den Spiller fendt een hei och kleng Videoen zu den Spiller, an dodurch kennt dei trotzdem net emol esou schlecht grafik emol schein zum Ansatz! Ausserdem kritt een alt en bessen en ableck, wat alles meiglech ass mam touchscreen!

2: Den Auchan huet elo den ofizielen Preis bekannt gin, fier den DS. Anzwar ganz genau 144.90€ !!! Mengen sou beleg wärt den PSP net gin

Also net vergiessen: Den 11 März kennt den DS och endlech op Letzebuerg!!!

Re: PSP vs. N-DS

Mir hun jo elo schon vill iwert dei 2 Konsolen geschwat, mee wat halt dir eigentlech vun den Spiller dei eraus kommen???

Ech muss zougin, dass d Launch Titelen vum DS bis op 3-4 Ausnahmen net grad den glanz sin, mee wei een Nintendo kennt sin schon vill gudd Spiller ungekenecht gin an kommen schein regelmässeg esou eraus, dass een emmer erem nei Top Spiller huet (Mario Kart, Metroid Prime, NFS Underground, Smash Brothers,...)

Dem PSP seng Spiller sin un sech deelweis mei cool an mei fier Leid an mengem alter, allerdengs kaafen ech mer Spiller wei GTA eichter um PC wei fier den PSP! Ausserden bidden mer d Spiller net genug neies (außer dass ech se kann enerwee spillen natierlech)

Fazit: Also vun den Spiller hier kann ech net unbedingt soen ween ech besser fannen, zumols well se all zimlech Konsol gebonnen sin (features an grafik)

Also wat sot dier dozou?

Re: PSP vs. N-DS

Wann schon keen antwert dann schreiwen ech alt nach eppes, well wann ech den Counter vum Beitrag kucken scheint et jo awer Leid ze gin dei et interesseiert dat ganzt!

Fier all PSP Fans war et bestemmt eng schlecht Noricht wou Sony gesot huet dass den PSP net wei geplangt Enn März soll kommen mee erreciht geint Aprel! Ok dat ass jo net schlem mee elo sin se schein beim Hierscht unkomm (september/oktober)
An wei een dei grouss Firmen kennt verreckelen se dat ganzt dann nach schein weider an Richtung Kreschtdaag! An em dei Zeit well Nintendo dann och sein neien Gameboy eraus brengen (just erem en neien "Facelift" vum GBA ala SP)

Also wird wohl nix mam PSP sou frei! Mir zimlech egal well ech kaafen mer den DS an deen kennt schon d nächst Woch eraus (11.03.2005 Freides)


Re: PSP vs. N-DS

Wirklech elo ? hun se den termin offiziell an den hiescht verreckelt !? daat glaub ich aber nicht tim !? soss kaafen ech mer en einfach an amerika.

Re: PSP vs. N-DS

Also offiziel ass nach naischt secher! Allerdengs get am Internet vill geschwaat driwer an vill Internet Versandhändler wei Amazon hun bei baal allen Launchtitelen fier den PSP den Erscheinungstermin op den Hierscht geluecht! Mee secher ass am Moment guer naischt! Sony seet zwar sie keinten vlait den April als termin anhalen, mee am Moment kommen se an Amerika bei weitem net mat der Produktioun no! Den PSP brauch ansheinend zimlech lang fier gebaut ze gin.

An dat mat an Amerika kaafen ass keng esou eng gudd idee, well den PSP net universall soll sin! Also mist de herno all eenzel Spill aus Amerika importeieren! Mee dat ass net 100% secher well anscheinend nach net ganz kloer ass an wat fier engem Format d Spiller an Filmer hei sollen eraus kommen (amerika, japan oder egent europa format!)


Re: PSP vs. N-DS

Sie schwätzen vum eischten Hallefjoer,et get awer nemmen spekuleiert.
An net am Hierscht
Et leit och drun wei Sony mat der Produktioun weider kennt,et leit nämlech nemmen do drun.

Kommt och an mein Forum an mellt iech un,den Gameclub Nr1
Website: http://www.carookee.com/forum/Eastpak21/